Stellt Iech emol fir e gudden Engelchen an e béisen Engelchen ënnerhale sech. Deen een hätt gären de ganzen Zäit dir sollt reegelméisseg Sport maachen, an deen aneren seet Iech wéi flott et ass sech auszerouen an net grouss ze beweegen.
An dee ganz leidegen an delikaten Thema paakt den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem Zithagesondheetszenter op der Gare, haut un.

Mir schwätzen jo ganz dacks an dësen Emissiounen iwwert den BMI, de Body Mass Index, also de Rapport vum Gewiicht zur Gréisst. De BMI rechent een, t'hëlt een d'Kiloen, t'deelt een se duerch d'Gréisst a Meteren 2x. De Normalwäert ass 19-25. Mä t'ass eigentlech d'Fettmass déi do ausschlaggebend ass fir de Risiko vu Krankheeten an och d'Mortalitéit. An dëser Etüd ass d'Mortalitéit vu Leit tëscht 50 a 64 Joer gekuckt ginn, iwwert en Zäitraum vun 8 Joer.

04-08-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Fettmass a Mortalitéit

An et fäert ee bal dass d'Resultat eendeiteg war, an en Faveur vun der Beweegung ausfält?

Do konnt kloer festgestallt ginn, dass d'Fettmass proportionell zur Gréisst méi grouss ass, wat d'Mortalitéit erop geet, egal wat fir eng Ursaach. Ëmgedréit, wat mir méi eng grouss Muskelmass zur Gréisst hunn, wat manner Mortalitéit, op d'mannst an där doter Altersgrupp existéiert. Wichteg also: Beweegt Iech, erhaalt är Muskelen, dat geet leider nëmmen iwwer Beweegung. Versicht kee Speck unzesetzen, dat geet haaptsächlech iwwer d'Ernärung, da bleift dir gesond.

04-08-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Resultater vun der Etüd