An eiser Rubrik Véiereckeg Aen wäert sech erausstellen, dat och d'Streamingdéngschter an der Summerpaus ze si schéngen. Den Tom Dockal huet sech no enger Zäit nees emol op Netflix ëmkuckt. Mat mëttelméissegem, wann och net komplett onintressantem Resultat. Um Programm: Blood Red Sky. Den Tom wees méi.

05/08/2021 Véiereckeg Aen

Et gëtt immens Filmer. Et gëtt gutt Filmer. Et gëtt schlecht Filmer. An et gëtt fuerchtbar Filmer. An da gëtt et Filmer, déi een zwar kuckt, well engem de Pitch  virkënnt, mee déi schlussendlech alles anescht ewéi memorabel sinn. Se hunn hei an do mol e ganz ënnerhalsamen Ament, mee en gros si se näischt. Netflix schéngt sech op esou Filmer spezialiséiert hunn. A fir dëse Bäitrag hunn ech missen den Numm vum Film nach eng Kéier nokucken, well e mir schonns entwutscht ass. An dobäi hunn ech de Film eréischt gëscht gesinn. Ajo, Blood Red Sky.

 D'Peri Baumeister - si hat am Péitruss vum Max Jacoby d'Haaptroll - spillt hei eng schwéier krank Fra a Mamm, déi mat hirem Fils e Rendezvous bei engem Dokter an den USA huet. Déi mysteriéis Krankheet versprécht do geheelt ze ginn. En Nuetsfluch vu Frankfurt op New York steet also dofir um Plang. An de Filmer kënnt een awer dacks net esou einfach mam Fliger vun A op B, ouni dat Terroristen engem e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Mee déi Terroristen hu manifestement net de Personnage vum Peri Baumeister um Radar gehat, deem hir abstrakt Krankheet sech iergendwann nawell konkretiséiert.


RTL

© Netflix


Iert ech an de Film eragaange sinn, hunn ech mer e puer Retouren duerchgelies, déi den duerchaus onprevisibele Plot gelueft hunn. Mee, wien en bande d'annonce, eng Affiche oder déi éischt zéng Minutte vum Film gesinn huet, gëtt déi nächst 100 Minutte wierklech net iwwerrascht. Blood Red Sky ass d'Mëschung aus engem Fliigerentféierungs- a Vampirfilm. Net Snakes on a Plane, mee Dracula on a Plane. D'Revelatioun vum Vampir misst usech en enorme Revirement fir de Film sinn, deen een esou net huet komme gesinn. Mee well de Film sech keng Méi mécht fir méi ze sinn ewéi de klengsten dénominateur commun, gesäit een d'Vampiren op 100 Meter géint de Wand kommen. Et ass awer spannend ze gesinn, ewéi vun europäeschen ëffentlechen Institutioune finanzéiert Filmer, an dësem Fall Genrefilmer, sech dem globale Streamingmarché ubidderen amplaz en eegene Spin op dee Genre Filmer ze kreéieren. D'Beispill ass vläicht eng Grimmel mat den Hoer erbäi gezunn, mee Italowestern haten duerch an duerch europäesch Identitéiten. An ech si mer sécher, dat een och Fliigerentféierungsfilmer - déi vun Natur ass just aus Budgetsgrënn gemaach ginn - interessant maache kann.


Enfin, am Blood Red Sky ass déif dran en flotte Film ze fannen. Een an deem et ëm eng richteg Mamm/Kand-Relatioun geet, een, dee sech gläichzäiteg net esou sérieux hëllt an einfach seng grotesk Prämiss assuméiert. Well da stoussen engem déi schlecht Dialoger net esou op - déi exklusiv esou sinn, fir dat een se einfach an aner Sproochen iwwersat kritt fir den Dubbing -, genee esou ewéi Schauspiller, déi komplett driwwer Spillproposen zerwéieren. Den Alexander Scheer zum Beispill, e formidabelen intensiven Theatermënsch, spillt hei ewéi wann hien nach ni virun enger Filmkamera gestanen hätt, fuerchtbar schlecht quoi, just fir dat een ab engem ganz präzise Moment versteet, wat hie wollt an och bei de Film gezunn huet. De Max Schreck, de Schauspiller hannert dem Nosferatu, wier houfreg op en. Dat huet awer alles näischt mat gudder Schauspillféierung vum Regisseur an och näischt mat engem gudde Film ze dinn. Just fir ze soen, dat och an engem miserabele Film gutt Iddie kënnen dra sinn. Nächst Woch recommandéieren ech iech nees eppes Guddes. Versprach.