Vakanz ass fir vill Leit mat engem Tapéitewiessel fir déi ganz Famill verbonnen. A wann ee seet ganz Famill, dann dierf dem Mënsch säin treisten Begleeder natierlech net feelen. Sou e Mupp kann eng Rees nach emol sou schéin maachen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet awer och e Beispill, wéi ganz séier Opreegung opkomme kann.

12/08/2021 Déierentipp: Schokela ass Gëft

Wéinst senger Séikränkt, war de Gibbs an d´Algarve, mä net op d´ Seegelboot matgeholl ginn. Den Hybridmupp aus de Rassen Chihuahua a Bichon hat een am Hotel gelooss, wou hien sech ferm gelangweilt huet. E Stéck schwaarze Schockela ze schuppen a - wéi den eidele Pabeier kloer gewisen huet - och ganz ze verdillegen, wier soss guer net säi Genre gewiescht. No enger Recherche  mam Botzteam stoung fest, dass hien déi dout-geféierlech Schlabäizchen schonn moies  gefriess hat. Deemno war owes net méi drun ze denken, d´Schockelasgëft mat engem Briechmëttel per Injektioun, aus dem Kierper ze kréien. Grad esou gutt, well ëm déi Zäit souwisou keen Nout-Veterinär opzedreiwen war.

12-08-2021 Deierentipp Romi Roth - Schockela ass Gëft

A sou engem traurege Fall zielt all Minutt, an et muss ee séier iwwerleeë wat ee maachen kann.

Hätt ee net dru geduecht gehat, beim Gibbs sengem Hausdéierendokter no enger Reesapdikt ze froen! Do waren och Aktivkueltabletten dran. Den Déierendokter doheem, dee säin Handy fir d´Nuecht nach net ausgemaach hat, huet uginn vun där Kuel séier 1 Gramm pro Kilo Gibbs ze ginn. Fir dunn déi 10!! Kapselen an d´Déierchen eran ze kréien war schwéier Aarbecht. Mais de liichte Mippchen, dee soss net iwwerlieft hätt, hat du just e pechschwaarzen Duerchfall. Géint aner Noutfäll wär een och geriicht gewiescht: an der Tut war Spullwaasser fir Aen a Wonnen derbäi, en Désinfectant, Wondsallef, Verband, eng Zeckenzaang an op Rezept vum Veterinär och eppes géint Péng, Duerchfall, Erbriechen an en allergesche Schock. An eent vun deene Medikamenter ze séier oder e bëssen ze héich doséiert ze ginn, ass manner schlëmm wéi eng Schockelasintoxikatioun, eng Bluttvergëftung oder un enger Harespel ze erstécken.

12-08-2021 Deierentipp Romi Roth - Reesapdikt erfëllt hiren Zweck