De 17. September gi fir d'éischte Kéier d'Lëtzebuerger Theaterpräisser iwwerreecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschte mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi stelle mer Iech de Summer iwwer an enger Serie vir. Haut presentéiere mir Iech d'Zenografin a Costumière Anouk Schiltz, déi an der Kategorie "meilleure création BACKSTAGE" nominéiert ass. 

D'Sandy Elsen huet dem Anouk Schiltz e puer Froe gestallt.

18/08/2021 Serie: Nominéiert Theaterpräis Anouk Schiltz RADIOVERSIOUN

Als Jugendlech hat sech d'Anouk Schiltz, Joergang 1979, ëmmer méi fir d'Bühnekonscht interesséiert. Nom Lycée huet et si op Paräis verschloen, wou si op der École nationale supérieure des Arts Décoratifs zur Zenografin ausgebilt gouf. Mat der Zäit hat si dann och eng Leidenschaft fir de Kostümdesgin entwéckelt. Sou kënnt et, dass d'Anouk Schiltz zënter 2005 als Zenografin a Costumière hei zu Lëtzebuerg schafft. Si gouf fir d'Produktiounen "Truckstop", "Ivanov", "The Hothouse" an "Le Poisson belge" nominéiert.