Ganz sécher räisst d'RTL Déierendoktesch Romi Roth haut nees en zimmlech onappetitlechen Thema un, an dobäi hat alles relativ banal an onspektakulär ugefaangen.

Am Fong hätt de Carlo, e jonke Rammler vun der klengster Rass vun Zwergkanéngercher - den Teutoburger - just solle kastréiert ginn. Well hien awer an der Stressphas fir an d´Narkos eran ze kommen, e ganz komeschen Pippi op d´Matrass vum OP-Dësch produzéiert hat, huet hien och hellewech un de Nieren an der Blos missen ënnersicht ginn. Den Urin, deen de Karlchen a grousser Quantitéit zum Beschte ginn hat, war bal schonn déck wéi Bräi, dréif routbrong, an huet zimmlech verwerflech gemëffelt.

17-08-2021 Déierentipp Romi Roth - Kanengercherspippi - Feststellung

Elo muss ee wëssen dass normalen Urin bei Kanéngercher méi dënnflësseg ass,  liicht dréif a richt bal net. D´Faarf ass jee no Fudderplanzen hellgiel bis roudelzeg brong.

Wann eng Kanéngchen vill Grénges, also vill Chlorophyll gemëmmelt huet, gëtt den Urin an der Loft duerch d´Oxydatioun och emol ganz rout. Mais wann d´Faarf vum Fudder kënnt, dann ass de Pippi uniform getéint an et schwamme keng donkel Fatzen dran, wéi beim Carlo, déi aus geliwwertem Blutt waren.

Mam Ultraschall war ze gesinn, dass hien Kalziumbräi a -Steng an der Blos leien hat. Well Kanéngercher de ganze Kalzium aus dem Fudder ophuelen a net just, wat se brauchen, gëtt et Problemer, wa si net genuch Fiichtegkeet hunn an ze vill dréchen, ze vill kalziumhalteg Saachen friessen.

17-08-2021 Déierentipp Romi Roth - Kanengercherspippi - Ursaach