Vakanz ass schéin, wann een alleguerten déi ronderëm sech huet déi een gären huet. An do gehéiert zur Famill och dem Mënsch säin treisten Gesell. Dat mëcht d'reesen elo net méi einfach, zemol wann am Ausland Problemer opdauchen. D'RTL Déierendoktesch, Romi Roth, huet en aktuellt Beispill matbruecht.

26/08/2021 Déierentipp: Waasservergëftung beim Hond

De Castor, e Juegdhond-Mix vun zwielef Joer, war vu senger Meeschtesch op eng Rees a Norwegen matgeholl ginn. Zanter kuerzem ass d´Rees mat Mupp an dat skandinavescht Land, dat jo anescht wéi Schweden an Dänemark net an der Eu ass, vill méi einfach ginn. Den Europäeschen Impfpass muss an der Rei sinn, et mussen och d´Rubricken fir d´Bandwuermbehandlung an de Gesondheetscheck vum Veterinär ausgefëllt an mat engem Formular aus dem Internet den Hond  bei der Douane a Norwegen gemellt sinn. All dat war an der Rei an et hat een och eng Reesapdikt an d´Handysnummer vum Castor sengem Déierendokter mat derbäi.

26-08-2021 Déierentipp - Romi Roth - Hond geet op d´Rees an Norwegen

Dee ka jo awer vun hei zu Lëtzebuerg aus keng Sprëtz bis a Norwegen maachen, awer wéi d´Tele-Consultatiounen bei de Leit gewisen hunn, kann ee vu wäitem awer och e puer Rotschléi ginn. Samschdes owes op de Lofoten, wou net vill Leit an entspriechend wéineg Déierendokteren wunnen, huet den ale Ritt op eemol ugefaangen ze tierkelen a sech ze iwwerginn.

Dem Castor seng Meeschtesch huet dem Veterinär doheem ugeruff, an zesumme mat deem rekonstruéiert, dass den Hond wuel am Spillen ganz vill Mier- an duerno Biergquellwaasser gedronk hat. Hien hat eng liicht Form vu Waasservergëftung. Dräi Liter verdréit en Hond vu sengem Gewiicht ouni Problemer. Bei vill méi Waasser kann et Gehier-, Longen- a Liewerproblemer ginn, déi ouni Behandlung emol déidlech verlafe kënnen. Besonnesch well a schwéiere Fäll dann och d´Nieren net méi schaffen an d´Waasser da guer net méi aus dem Kierper erauskënnt. Dem Castor säi Fall war méi liicht. Nodeems hien e grousse Pak Salzstaange gejickt a hien bal eng hallef Stonn um Stéck gemiselt hat, war hien erëm ganz deen Alen.

26-08-2021 Déierentipp - Romi Roth Wasservergëftung beim Hond