All Dag a Beweegung ze bleiwen ass wichteg fir eise Kierper a Geescht. Eng wäitverbreete Fauschtreegel: Am Dag soll een op mannst 10.000 Schrëtt goen. Och d'WHO recommandéiert dëst. Ma elo heescht et, dass 7500 Schrëtt duer ginn.

26/08/2021 7500 Schrëtt den Dag ginn och duer

Vill Leit hunn e Fitnesstracker oder e Schrëttzieler um Handgelenk. Erreecht een déi 10.000 Schrëtt, kritt een eng kleng Bonne-Nott ënnert der Form vun enger klenger Animatioun. Mat wat vill Leit net wëssen, den Ursprong vun dësem Zil kënnt net aus der Medezin, ma aus der Reklamm.

An déi ass méi wéi 50 Joer al. Am Joer 1964 huet déi japanesch Firma Yamasa den Hype genotzt fir e Produit wärend den olympesche Spiller zu Japan ënnert Leit ze kréien. Dat war de Manpo-kei. Dat heescht iwwersat sou vill wéi: 10.000 Schrëtt-Zieler. Weider huet et geheescht dass 10.000 Schrëtt gesond wieren an den Ausdrock vun engem gesonde Liewensstil. Wëssenschaftlech Etüden huet een deemools net gebraucht.

Wéi koum et dass D'Weltgesondheetsorganisatioun mat op deen Zuch opgesprongen ass?

Eng Organisatioun déi sech op der Welt fir d'Gesondheet asetzt huet hei ganz bewosst matgemaach. Wat soll ee soss soen. Et huet eben dozou gefouert dass d'Leit sech méi beweegt hunn. Deemools war dat wuel nach net esou de Problem wéi haut. Et schéngt wéi wann een dat mat ausgenotzt hätt. Et gëtt awer Etüden déi un dëser Zuel u Schëtt zweiwelen. Manner Schrëtt am Dag géifen och duer goen fir de selwechten Effekt ze erreechen. Dat wieren der dann 7500.

D'Harvard Medical School huet hier Resultater dozou am Jama Internal Medecine Magazine Publizéiert. Si hunn déi deeglech Schrëtt mat der Mortalitéit verglach. 16.000 eeler Fraen aus den USA hunn deelgeholl. Hiren Duerchschnëttsalter louch bei 72 Joer.

D'Resultat: Fraen déi am Dag op mannst 4400 Schrëtt maachen, haten no 4 Joer méi e klenge Risk ze stierwen wéi déi, déi der nëmmen 2700 gemaach hunn. De statistesche Virdeel huet sech gesteigert an zwar op eng Limitt vu 7500 Schrëtt am Dag. Alles war driwwer louch hat kee signifikanten Afloss méi op d'Liewenserwaardung.

7500 ass also a punkto Schrëtt déi nei 10.000. E Mythos deen op eng Reklamm wärend den olympesche Spiller 1964 a Japan zeréck geet wier domat dann zerstéiert.