Well et aktuell eng ze héich Konzentratioun vu Bloalgen an de Baggerweieren zu Rëmersche gëtt, ass et mat Effet immédiat verbueden, fir do schwammen ze goen. D'Waasserwirtschaftsamt huet Echantillone vum Waasser geholl a festgestallt, datt d'Presenz vu Bloalgen esou héich ass, datt kéinte Mënsch an Déier zu Schued kommen, wann dëst Waasser gedronk gëtt. De Loïc Juchem erkläert eis mol wat Bloalgen dann iwwerhaapt sinn.

Bloalge sinn - anescht wei de Numm et seet - gréng a glëtscheg sougenannt "Teppecher" déi 20 bis 30 Zentimeter ënnert dem Waasser schwammen. Dës Fläche fënnt ee meeschtens och just plazeweis an net am ganze Séi oder Wéier. Bloalge si sougenannte Cyanobakterien, déi ëmmer an iwwerall am Waasser ze fanne sinn, bei enger normaler Konzentratioun ass dat och iwwerhaapt net geféierlech. Wann se awer ufänken sech staark am Waasser ze verbreeden, da schueden se der Waasserqualitéit.

An kënnen dann awer och fir Mënsch an Déier geféierlech ginn. Loïc, wat kann do da konkret geschéien?

Ma wa Bloalgen am Waasser sinn, da sollt ee vrun allem Kanner an Hënn net méi an dra loossen. Wann een d'Waasser ofschléckt, dann huet een duerno d'Bloalgen an hier Gëfter am Kierper an déi kënnen Duerchfall a Kappwéi provozéieren. Dernieft kann een sech och iwwerginn. Bei méi ufällege Persoune kann et och zu Hautirritatioune féieren an Hënn kënnen dru stierwen.

D'Bloalge sinn ëmmer nees an de Gewässer hei zu Lëtzebuerg. Wisou dann eigentlech?

Soubal d'Temperaturen e bësse klammen ass et souwäit. An elo war et jo nach net wochelaang richteg waarm an awer ass et duergaangen, datt d'Bloalgenkonzentratioun zougeholl huet. Wéi laang dëse Verbuet elo wäert unhalen, hänkt dovun of wéi schnell d'Waasser sech nees erhëlt. Heiansdo dauert et puer Deeg, ma et kann awer och méintelaang daueren.

Wann elo keng Warnung oder soss e Verbuet ausgeruff gëtt, kann een dann och selwer erausfannen, ob vill Bloalgen am Waasser sinn?

Jo dat geet. Et soll ee lues an d'Waasser goen ouni d'Waasser opzewierbelen, gesäit een seng Féiss kann ee schwamme goen, gesäit een se net, da soll een et besser siloossen.

Aktuell si just d'Baggerweiere concernéiert, all aner offiziell Plagen a Plaze beim Waasser an dem Stauséi bleiwen iwwerdeem accessibel a sinn net vun der Plo betraff. Deemno kann een nach an der Stauséi-Regioun an och beim Séi zu Wäiswampech an d'Waasser sprangen. Déi aktuell Situatioun vun de Plazen, wou ee kann an d'Waasser goen, kann een zu all Zäit um Site www.waasser.lu nokucken.

RTL

© HAZ