De 17. September gi fir d'éischte Kéier d'Lëtzebuerger Theaterpräisser iwwereecht. Nieft engem Haaptpräis, ginn et an 3 Kategorien och Shortlëschten mat all Kéier 5 Nominatiounen. Déi hu mer Iech lo de Summer an enger Serie virgestallt. Mam leschte Portrait vun dëser Serie presentéiere mir Iech haut d'Schauspillerin Catherine Elsen, déi an der Kategorie "Jeune Espoir" nominéiert ass. D'Sandy Elsen huet hir e puer wichteg Froe gestallt.

03/09/2021 Serie: Nominéiert 1. Theaterpräis Catherine Elsen RADIOVERSIOUN

D'Catherine Elsen, Joergang 1986, hat schonn als Kand hir Leidenschaft fir den Theater entdeckt. Hire Schauspillstudium huet si zu London um Trinity Laban Conservatoire fir Musek an Danz gemaach. Si trëtt op verschiddenen Theaterbünen op a stoung rezent och fir eng Webserie virun der Kamera. Si gouf nominéiert fir hir Rollen an "Love, Death & Polar Bears", "(Can’t) stay at home" an "Das letzte Feuer".