Ween op der Schaff permanent ënnerfuerdert gëtt, huet méi een héije Risiko fir Dement ze ginn. Dat weist en nei Etüd vum "British Medical Journal". An 13 Länner goufe ronn 100.000 Männer a Fraen, déi duerchschnëttlech 45 Joer al waren, iwwer d'Joren beobacht. Se wollte vun de Participante wëssen, ob hire Beruff se "kognitiv stimuléiert", dat heescht, ob d'Aarbecht usprochsvoll ass an ob se vill selwer decidéiere kënnen, wéi se hir Aarbecht maachen. Dat hunn se iwwer 17 Joer iwwerwaacht an analyséiert.

31/08/2021 Job Vs Demenz

Fir d'éischt misst awer och consideréiert ginn, dass d'Aarbecht net den eenzege Faktor ass, deen d'Demenz fuerdere kann. Alter, Geschlecht, Bildung a Virerkrankunge kënnen och dozou bäidroen. Mee trotzdeem sollt den Zesummenhang mat der Schaff bestoe bleiwen.

Wann eng Persoun duerch eng Virerkrankung méi ufälleg fir Demenz ass, fält se an der Statistik net esou staark an d'Wäertung, wéi e komplett gesonde Mënsch. Mee d'Tendenz ass kloer: Wann een bis op 85 Joer erop rechent, hunn d'Leit, déi op der Aarbecht gefuerdert ginn, e Risiko vun 20% fir dement ze ginn. Wann ee just e bëssen oder guer net gefuerdert gëtt, geet d'Tendenz bis op 25% oder esouguer driwwer.

D'Gehier muss quasi trainéiert ginn. Wann ee vill Muskelen huet, muss een se och reegelméisseg trainéieren, fir dass se sech net zeréck entwéckelen, sou ass et och mam Gehier. Den Zesummenhang mat der Schaff ass och net kleng. De Lien tëschent Beruff an Demenzrisiko, gouf mat dem Risiko vum Alkoholkonsum oder ze mann kierperlecher Beweegung gläichgestallt. Leit déi vill Alkohol drénken, hunn e méi héije Risiko, wéi déi mat engem moderate Konsum a Leit, déi sech méi beweegen, hunn e méi klenge Risiko, wéi Mënschen déi glat a guer näischt maachen.

D'Etüd weist dorop hin, dass eise Beruff och beaflosst, wéi eise Kierper schafft. Dat kann d'Entwécklung vun eisem Gehier op Dauer veränneren. Et konnt een en Zesummenhang tëschent der Demenz an dräi gewësse Proteinne fonnt ginn. Wann de Kierper ënnerfuerdert gëtt, gi sougenannte Plasma-Proteinne produzéiert, déi héchstwarscheinlech de Wuesstem vun de Nervenzelle stéieren. Eng Rëtsch vun dësen net entwéckelten Zellen, erhéijen de Risiko fir d'Demenz. Bei de Leit mat engem Beruf, dee kognitiv stimuléiert, goufe manner vun dëse Proteinne fonnt.

D'Fuerscher mengen awer och, et sollt een d'Resultater vun der Etüd net direkt op d'Goldwo leeën. Obwuel d'Etüd ganz grouss opgezunn gouf, mengen d'Auteuren, dass et ëmmer nach Faktore kënne ginn, déi nach net mat aberechent goufen. Zum Beispill kéint den Intelligenzquotient an der Kandheet d'Beruffswiel an domadder och den Demenzrisiko beaflossen.