Well d´Kaz sech awer immens propper gehale huet, konnten ee net gesinn, vu wou dat Blutt hier koum. Seng Leit hunn dowéinst dat schéint, obwuel mat sengen 8 Kilo vill ze schwéiert Senorita an d´Consultatioun bruecht. A well d´Patientin hei guer net kooperativ war, huet et missen eng Berouegung gesprëtzt kréien. Déi mir no den éischte Resultater vun de Bluttanalysen am léifsten direkt réckgängeg gemaach hätten, esou horrend schlecht waren dem Senorita seng Liewerwäerter.

31-08-2021 Déierentipp - Romi Roth - Kaz huet Blutt verluer

Et denkt ee vläicht net ëmmer drun. Mais esou eng Narkos oder Sedéierung huet jo och Niewewierkungen a muss um Enn natierlech jo och entgëft ginn. Mais ouni Diagnos kann een dem Déier jo awer net hëllefen.
Allerdéngs, mam Ultraschall war dunn direkt ze gesinn, dass d´Blutt op de Plättercher vun enger  Blosenentzündung koum. Mais och eiser Kazepatientin hier Liewer war opfälleg, well op nach just d´Hallschent vun der normaler Gréisst geschrumpft.

D´Senorita hat e Fettliewersyndrom! Well an der gesonder Liewer wichteg Hëllefstoffer fir d´Bluttgerënnung fabrizéiert ginn, déi hei elo gefeelt hunn, gouf kloer, firwat dem Senorita seng Blos geblutt hat. D´Fettliewersyndrom kënnt well déck Kazen wéi d´Senorita wéinst hirer Blosenentzündung op eemol net méi friessen. D´Kazeliewer verdaut dann kierpereegent Fett am grousse Stil, wat d´Liewerzellen bei hinnen guer net verdroen. Si stierwen of an et kënnt zu enger Liewerzirrhos.  D´Senorita hat Chance. Nodeems et e puer Deeg iwwert eng Sonde duerch d´Nues an de Mo gefiddert gouf, huet et selwer erëm gefriess a konnt heemgoen. No enger Therapie mat Spezialrégime hat et nach 5 Kilo an d´Bluddungen ware fort.

31-08-2021 Déierentipp - Romi Roth - Fettliewersyndrom bei enger Kaz