Den obligatoreschen Tour mat Kolleegen iwwer d'Fouer gëtt et dëst Joer zwar net, awer d'Stad Lëtzebuerg huet nom kompletten Ausfall 2020, fir eng interessant Alternativ gesuergt. De "Fun um Glacis" erënnert net schlecht un d'Fouer, och wann een hei mat Mask ronderëm spadséiert an um ënneschten Deel vum Glacis ouni Mask, dofir mat CovidCheck, alles ze schmaache kritt, wat ee glëscht. Vun der Glace an dem Eisekuch, iwwer de Gromperekichelchen oder de Metti mat Fritten, kann ee sech alles schmaache loossen. Awer wat kascht de Spaass. An de soziale Medien iwwerschloen d'Leit sech wéi ëmmer mat kritesche Remarken.

07/09/2021 Fun um Glacis: Wat kascht de Spaass?

D'Offer mat direkt 2 Mega-Achterbunnen, wouvunner déi eng 5 Loopingen huet, gouf vum éischte Moment u gutt ugeholl, an d'Plaz war bis elo all Dag gutt gefëllt. 12 Stonnen, vu moies 11 bis owes 23 Auer kann ee sech ameséieren. 23 Deeg um Stéck. A wann ee mam Mikro ronderëm geet, trëfft een natierlech och op Leit, déi zwar kommen, awer sech sou hir Gedanke maachen.

07-09-2021 Präisser Fun um Glacis - Reaktiounen vun de Leit
RTL

Mir hu beim Funmeeschter nogefrot, well deen huet jo fir de Spaass gesuergt an d'Forainen op de Glacis gelackelt.

An hie gouf quasi vun Demanden iwwerlaf, well an eisen Nopeschlänner vill vun de ganz grouss Kiermessen net organiséiert kënne ginn a just duerch méi kleng Fester ersat ginn. Op der Theresienwiese zu München fält zum Beispill d'Oktoberfest aus an d'Plaz gëtt de Moment genotzt, fir just Spiller wäit auseneen opzeriichten.

De Laurent Schwaller, Chef vum Service Espace public, fêtes et marchés.
(Extrait: Ze deier op der Fouer (2) Laurent Schwaller - Ursaachen)

07-09-2021 Präisser Fun um Glacis (2) Laurent Schwaller Resp VdL - Ursaachen
RTL

Mir hunn awer och mat de Concernéierte geschwat, deenen jo och misst dru geleeë sinn, dass d'Spiller dréinen a Suen an d'Keess kommen?

D'Forainen dierfen u sech selwer festleeën wéi vill se froen oder net. An et gëtt zwou Méiglechkeeten. Et freet ee méi an d'Leit gi just eng Kéier, wann iwwerhaapt, oder se kënne sech méi Tier op engem flotte Spill leeschten. Do mécht jidderee wéi en denkt. Ugefaange mam Proprietär vun der One Man Show. Awer och d'Knuppautoen an eng Schéissbud hate mir virum Mikro.

07-09-2021 Präisser Fun um Glacis - Forainen

E puer Beispiller: Bei der Schéissbud, uewen zum Theater zou, kascht 1 Partie 5 Euro. 3 vir 10 an 7 fir 20 Euro. De Gräifaarm am Lunapark funktionéiert mat Jetone vun 2 Euro. Fir 5 Euro kanns de awer och mam Twister fueren an d'Aquabooter féieren d'Kanner fir 5 Euro iwwer d'Waasser.

Just 4 Euro brauch ee fir 1 Mol Circus Circus. Wann een zu 3 fiert, kënnt ee mat 10 Euro ewech. D'Bayernkurve 4, och de Shakers an Happy Sailor 4 Euro. De Break Dance 5 Euro, wéi och den XXL. Mam Hangover geet et fir 7 Euro 85 Meter an d'Luucht. Kanner kënne schonn fir 5 Euro matfueren. Op der Alpina Bahn ass ee mat 7 Euro derbäi.

An zum Ofschloss geheie mer de Ball nach emol zréck bei d'Stad Lëtzebuerg, déi sech jo och hir Gedanke gemaach huet.

Et war eng Saach vu Chance, fir iwwerhaapt sou e grousse Spektakel kënnen z'organiséieren, well bis e puer Woche virdrun net gewosst war, a wéi eng Richtung sech d'Pandemie entwéckelen géif an doropshin och definitiv d'Hygiènesreegele konnten ausgeschafft ginn. De Laurent Schwaller kritt och mat, dass net jidderee mat der Präispolitik eens ass, léisst awer net all Commentaire gëllen.

07-09-2021 Praisser Fun um Glacis (4) Laurent Schwaller - Engagement VdL