De speziellen "Drauwejus" war schonn am Mëttelalter bekannt, elo feiert e säi Revival. E schmaacht net nëmmen agreabel, mä soll och nach ganz gesond sinn.

15/09/2021 D'Coryse freet no- Verjus (De Reportage vum Radio)

U sech ass de Verjus e Produit, deen et scho ganz laang gëtt. Am Mëttelalter ass et en iwwerall ginn, elo gëtt e lues awer sécher zum Trend an e kënnt an der Kichen zum Asaz.
Den Domaine Kox ass deen éischten hei am Land, deen de Verjus erëm hierstellt, esou d'Wënzerin Corinne Kox. De Numm Verjus heescht esou vill ewéi 'grénge Jus':

Wat ass Verjus?

"Et ass also näischt aneres ewéi en Drauwejus, deen aus gréngen oder onräifen Drauwen hiergestallt gëtt. D'Drauwe gi gepresst a bei eis ass et esou, dass de Verjus da nach 2,3 Deeg am Tank bleift, fir dass sech déi grob Stécker, zum Beispill d'Drauwekären oder d'Reschter vun der Schuel, ofsetzen. Fir dass en haltbar bleift, gëtt e pasteuriséiert, also erhëtzt, op ongeféier 70 Grad, an dann direkt agefëllt."

De Verjus gëtt am Fong gebraucht ewéi Esseg. D'Produktioun vum Esseg ass awer eng aner: do brauch ee Wäin, deen duerch Essegbakterien an Esseg ëmgewandelt gëtt. De Goût ass also en aneren:

Wéi schmaacht Verjus?

"Ganz oft gëtt de Verjus och mam Zitrounejus verglach, an obwuel ee beim Verjus déi gréng Drauwen hëlt, also déi wou am Fong nach vill Saier dran ass, ass e méi douce. Et kann een en esouguer drénken. Doduerch dass e sech deenen aneren Ingredienten net sou opdrängt, ewéi zum Beispill den Zitrounejus, kann een e ganz villsäiteg asetzen, vun der Entrée iwwer d'Zosen, bis hinn zum Dessert."

RTL

© Pixabay

Ganz gutt passt e bei Risotto, beim Fësch a beim Poulet an der Zooss. Bei Séissem kann een en d'Gebeess ginn, bei d'Uebst an esouguer a Cocktailen mëschen. An dobäi ass e ganz gesond:

Firwat kann een de Verjus gebrauchen?

"Tatsächlech ass et esou, dass en an der Antiquitéit als Medikament geholl ginn ass. Dat wat dem Verjus zougeschriwwe gëtt, si seng antimikrobiell an entzündungshemmend Proprietéiten an doduerch kann en agesat ginn bei Mo- an Daarmproblemer, awer och bei Häerz- a Kreeslaferkrankungen oder Féiwer."

Selbstverständlech ersetzt de Verjus NET den Dokter.