Fir sech e neien Familljemember op 4 Patten unzeschafen. Dat geet relativ féx. Fir en dann awer richteg ze halen, ouni en ze verhätschelen oder wéi e Mënsch ze behandelen muss een och fir d'éischt emol léieren. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth mat e puer Iddien bei engem Déier wat de Kanner zemools séier un d'Häerz wiisst.

Op Besuch bei senger Famill gouf ech gefrot, ze kucken op mam Grimmel alles an der Rei wier. Mat engem improviséierte Käfeg aus Kanéngercherdrot ronderëm an iwwert sech an engem Stéck Wiss war de kastréierten Zwergkanéngerchersbéckchen net wierklech dru gehënnert, sech duerch d´Bascht ze maachen. Seng Leit wossten net, dass Kanéngercher Gäng gruewe kënnen an dat besonnesch wa si eleng sinn a sech langweilen. D´Déierchen huet an engem Stéck um gutt  säftege Gras mat Kléi a Kraider gemëmmelt. Eng Schësselche Waasser hat een him ginn an och eng gutt Wuerzel nieft enger Gamelle mat Kären a Stëpp. Hee wéilt en keent méi, zënter dass en frëscht Gras, Muerten a Kärefudder kritt.

09-09-2021 Déierentipp Romi Roth - Problemer mat der Zwergkanéngchen

Firwat hätt de Männchen sech dann do och nach mat dréchenem Hee ploe sollen, wann e genuch aner Saachen zur Verfügung huet déi besser schmaachen?

Ouni de Silikon, dees just am gedréchente Gras, dem Hee dran ass, fir hir Zänn ofzeschläifen a genuch Ballast fir hiren kriddelegen Däermchen ze liwweren, gi Kanéngercher iwwer kuerz oder laang stierweskrank. Vun der Gefor wéinst dem säftege Kléi en Trommelbauch ze kréien net ze schwätzen. Vun de Muerten géif de Béckchen no a no ganz sécher zockerkrank ginn. De Leit hier Gesiichter sinn ëmmer méi laang ginn. Mat engem Säiteschneider,  als Neelpëtz ëmfunktionéiert, goufen d´ Kralle gekierzt, déi  sech scho wéi Tirebouchonen geréngelt hunn. De leschten dréngende Rot un d´Elteren vum Grimmel senger Famill huet de Kanner dunn awer immens gefall: de Béckchen sollt nach an de nächsten Deeg onbedéngt och e Käfeggesell kréien well Kanéngercher eleng ze halen bal un Déierequälerei eru kënnt.

09-09-2021 Déierentipp Romi Roth - Haltung vun Zwergkanéngercher