Zanter enger Woch gëtt et hei op RTL e Kannerpodcast, dat ass déi Plaz wou d‘Kanner emol d‘Woch hier Froen zum engem spezifeschen Thema aus der Aktualitéit kënne stellen.
D‘lescht Woch ass et an eisem éischten Episode „Firwaaat?“ ëm d‘Thema Schoul an der Welt gaangen. Des Woch, do wollt den Thibault aus der Gemeng Käerjeng vum Loïc an Tim wësse wisou een den Ament vill iwwert den Afghanistan an iwwert d‘Taliban schwätzt.

20/09/2021 Firwaaat? Taliban an Afghanistan

Mir brauche fir all Woch ee Kand wat bei eis an de Studio kënnt an ebe wei den Thibault seng Froe stellt. Fir sech unzemelle soll een einfach e Mail op firwat@rtl.lu maachen. De Podcast kënnt der op RTL Play, Spotify an Itunes lauschteren.