Hutt der dat och scho gemaach, am Supermarché eng Kiischt oder eng Drauf an de Mond gestach, fir ze schmaachen, oder de Shampoing an d'Seef opgemaach fir drun ze richen? Wat fir verschidde Leit normal ass, ass et fir anerer net. Wat ass eigentlech erlaabt, a wat net? D'Michèle Schons huet nogefrot.

15092021 Wat dierf een am Supermarche

Vum Uebst naschele gouf fréier och alt als Mundraub bezeechent, haut schwätzt een effektiv scho vun Déifstall, an nee et ass net erlaabt einfach mol ze probéieren. Deen deen dono kënnt, deen hätt schliisslech och gären eng ganz Drauf an net eng wou schonn d'Hallschent vun de Kären dru feelt. Ech hu mol beim Manu Konsbruck, dem Direkter vun der Belle Etoile nogefrot, wat sech am Supermarché gehéiert a wat net:

D'Reegel ass ganz kloer, dass de Client sech net einfach esou soll zerwéieren an och net probéieren, a mir behalen dat am A. Wann et just bei enger Drauf oder Kiischt bleift, soe mer näischt, mee de Client soll säin Uebst bezuele wann en et gären ësst. Och aus hygienesche Grënn ass dat ganzt net vertrietbar, a mir haten effektiv scho Fäll, wou een sech eng ganz Grapp Drauwe geholl huet a wann d'Personal esou Saache gesäit, do gëtt awer agegraff an dat verbueden.

RTL

© pixabay

D'Reegel ass eigentlech och dass d'Saachen esou laang dem Supermarché gehéieren, bis se bezuelt sinn. Ma heiandso huet e mol en hongeregt Kand am Caddie sëtzen, dat gären direkt eng Kiischt hätt, oder an den Apel bäisse wëllt, wéi verhält et sech dann hei, zemools d'Uebst jo och meeschtens muss ofgewie ginn?

Jo mee do ass et dacks esou dass mol en Apel en Cours de Route aus der Tut geholl ginn, an da sinn se schon ofgewien an de Präis deen op der Tut steet, dee gëtt ganz bezuelt. Et kann een och seng Cola drénke wann een duerch de Supermarché geet, esou laang een seng Verpackung an der Kees presentéiert a bezuelt, ass alles an der Rei. Mir hunn och do e performanten Detektivsystem, a wann de Pabeier ënnerwee ewechgehäit gëtt, da kritt een dat scho mat an dann ass dat och geklaut.

RTL

© pixabay

An da gi mer nach an de Seefe-Rayon, a kucke mol wat fir ee Shampoing oder wat fir en Duschgel am beschte richt. Och hei gëtt nonchalant opgemaach a geschnoffelt, an... nees zeréckgestallt:

Dat ass richteg a soll een am Prinzip och net maachen, mee hei gi mer net un d'Liewensmëttel. Mir gesinn dat an et gëtt och toleréiert, well een och hei um Verschloss näischt futti maache kann. Hei gëtt just d'Kapsel uewen opgemaach, eng Kéier op den Tube gedréckt fir drun ze richen. Allerdéngs beim Deo oder beim richtege Parfum hu mer och Testeren an de Rayonen, wou d'Leit kënne probéieren. Dofir geet et net fir hei en neien Parfum oder Deo aus dem Regal ze huelen, an sech domat voll ze sprutzen, well ee vläicht mengt et géing een net gutt richen. Dat ass dann awer consomméiert an dat muss dann och bezuelt ginn.

Eng Zeitung soll een och kafen, iert een se liest, an iwwregens de Caddy ass méi wäert wéi 50 Cent oder en Euro Pand, dofir ass et och net fir deen einfach esou matzehuelen:

Nee de Caddie soll um Territoire vum Supermarché bleiwen an ass och Proprietéit vum Supermarché. Ausser bei Proximitéits-Butteker, an den Uertschaften, wou d'Leit alt ze Fouss akafe kommen, an mol froen op se de Caddie dierfe mathuelen, dat sinn awer Leit déi reegelméisseg kommen an deen och mat erëm bréngen. Effektiv ass et nach ëmmer esou dass d'Caddien matgeholl ginn an déi och Enn des Jores feelen. Et muss een och wëssen dass esou e Caddie e Wäert huet tëscht 180 an 250€, dat ass net näischt an dofir sollt en zeréckbruecht ginn an net geklaut ginn.

Also iessen, probéieren, Verpackungen oprappen a kucken, ass net wierklech erlaabt, ma dofir ginn et jo och dacks genuch Geleeënheete wou een op klenge Stänn am Supermarché Eppes ugebuede kritt, wat een dann och schmaachen dierf.

RTL

© pixabay