Wien hätt dat geduecht... Virun e puer Joer huet de Kapp vun "Two and a Half Man", an "Anger Management", den Charlie Sheen tatsächlech e Patent ugemellt. Wat en erfonnt huet a wat fir eng aner Promien och mat skurrillen a wäertvolle Produiten iwwerrascht hunn, oder wien esouguer eng zweet Karriär als Erfinder hätt kéinte maachen, verréit eis d'Michèle Schons:

14/09/2021 "Wer hat's erfunden?" - Erfinder ënnert Staren a Promien

Zum Beispill mat engem Keyboard fir ëmzehänken, en Design, deen e bëssen un eng Gittar erënnert. Den Erfinder hei ass net den Thomas Anders vu Modern Talking... nee, ma keen anere wéi de Prince, deen zwar meeschtens och mat enger Gittar ze gesi war. an awer huet en sech den Design vu sengem Purpleaxxe Keyboard patentrechtlech schütze gelooss.

Hannert der Iddi aus dem Joer 2002, fir Commentaire bei en Dokument ze maache, ganz ouni Stëft oder Tastatur, stécht de Filmproduzent Steven Spielberg, deen sech de Konzept patentéiere gelooss huet, dass och d'Notten um Rand op Geräter wéi Handy, PC oder Diktéierapparat kënnen ofgeruff ginn, ënnert anerem och fir Filmiddien ze diskutéieren. 

Dass een och als Schauspiller mat Danz a Musek a Verbindung kënnt, dat ass bekannt. Een Instrument, wat de Marlon Brando, Acteur vun "Der Pate" fir sech entdeckt hat, war d'Trommel an hien huet eng Technik erfonnt, déi d'Bespane vun Trommele méi liicht mécht.

Wëndel a Posch an engems? Net ganz awer bal. Awer een Ënnerscheed gëtt et zu der Standard Wëndel: Baussen op ass eng Täsch, wou een d'Fiichtdicher kann dramaachen. d'Jamie Lee Curtis huet déi 1987 erfonnt an ugemellt.

Ass et elo e Fitnessgerät oder en Accessoire fir op d'Bün? Op den éischte Bléck gesäit et aus wéi eng Wackelplack, ma a Wierklechkeet ass et e Mikrostänner an Hallefkugel-Form, deen et erméiglecht och am Stoe beim Sangen e puer interessant Beweegungen ze maachen, ouni dass de Stänner an de Féiss ass. Erfonnt vun dem 80es Star Paula Abdul.

Si war iwweregens och Choreografin fir de Michael Jackson, an dee war net manner innovativ. Hien huet speziell Schong erfonnt, net fir besser ze trëppelen, ma mat der Aufgab dass en esou kromm wéi méiglech a wäit no vir gebéckt stoe kann. Seng Pose fir de Smooth Criminal krut esouguer den Numm "Lean" an dofir huet en seng speziell Schong gebraucht, déi, onsiichtbar fir de Public, am Buedem verankert waren.    

E Surfbriet, mat deem ee Gittare spille kann? Net ganz, wat hei gemengt ass, ass e Patent aus dem Joer 1987. D'Stäip fir d'Gittare soll fir méi Grip um Kierper suergen an dem Spiller erméiglechen nei Techniken a Sounds ze bréngen. Den Eddie van Halen ass den Erfinder vun der Stäip déi een opklappe kann, déi iwwregens och dat béidhännegt "Tappen" erlaabt.

An zu gudder Lescht dann nach dem Charlie Sheen seng berüümt Erfindung: Eng Poschette fir Lëppestëfter, déi ee ronderëm den Aarm oder den Hals droe kann. Den Här dee gären eng déck Lëps riskéiert wollt domat verhënneren, dass seng Fleegestëfter am Auto verluer ginn, wann een sech wärend der Faart schminke muss...

Et ginn iwwregens nach vill méi där prominent Erfinder, zum Beispill huet de Steve Mc Queen e Schuele-Sëtz fir an den Auto erfonnt, de Francis Ford Coppola eng Virriichtung fir eng Gedrénksfläsch, mat där een Mp3'en ofspille kann, an den Andy Warhol huet der Welt eng Auer mat 5 Zifferblieder hannerlooss, déi 5 Zäitzonen uweist, awer réischt posthum virun 30 Joer patentéiert gouf.

RTL

© pixabay