Vun engem Moment op deen aneren ass näischt méi wéi et war. Dat kënnt och bei eisen Hausdéieren vir. Den Dag virdrun ass de Mupp nach am Wues gelaf, an deen Dag drop léisst hien de Kapp hänken. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Beispill matbruecht wou et sou änlech war.

Zanter enger Woch hat d´Lola näischt méi gefriess. Obwuel déi siwe Joer al Terrier-Mudder ëmmer nees bei hiert Fudder gaange war. D´ Waassergamelle war owes och nach voll. E Kolleeg hat schonn Medikamenter géint eng Entzündung vum Kiefergelenk opgeschriwwen, déi virun allem dowéinst net hëllefe konnten well d´Lola se guer net ofschlécke konnt. Wéi de klenge Mupp fir eng zweet Meenung an d´Praxis bruecht gouf, war e scho ganz mackeg a rabbeleg ginn. Mais am opfällegste war, dass säin ënneschte Kifer an engem Stéck wéi geläämt erofhoung.

14-09-2021 Déierentipp Romi Roth - Lämung vum Kënn beim Terrier

Domat konnt d´Déier natierlech dann och net méi friessen an drénken

Jo, mä well  d´Lämung vum Kënn, och eent vun den éischten Symptomer fir Tollwut ass, gouf emol séier dem Lola säin Impfpass kontrolléiert. Seng Tollwutimpfung war awer ganz an der Rei. A seng Reaktioun op de voll opgedréinte Waasserkrunn an der Ordinatioun war och ganz normal. En Hond mat Tollwut hätt schrecklech gefaart a wier och aggressiv ginn. Eiser klenger Patientin hier Kifergelenker hunn och an der Rei geschéngt. Well dunn och mir um Enn vun eisem Latäin waren, gouf d´Lola an eng Unisklinik geschéckt. Do war d´Diagnos no ville Spezialënnersichungen Dropping Jaw (Hänkege Gëtsch), eng Nervelämung duerch eng fatzeg Entzündung vun de Bakemuskelen, déi mat vill Gedold an Hëllef beim friessen an drénken no e puer Woche awer erëm ganz geheelt war.

14-09-2021 Déierentipp Romi Roth - Dropping Jaw