Et war gëschter déi Nouvelle déi et sou just net an de Journal gepackt huet. Neiséilännesch an däitsch Fuerscher hunn en Experiment mat 16 Kaalwer gemaach déi, fir d'Ëmwelt ze schounen, sollen op d'Toilette goen. Dat Waasser wat si loossen ass schiedlech fir d'Ëmwelt. Bei deem Experiment hei ass et drëm gaang fir de Stéckstoff opzefänken iert en an d'Gewässer kënnt oder sech do an Zäregas verwandelt.

15/09/2021 de Bauer Guy Wester iwwer Kalwer déi léieren op d'Toilette ze goen