Muer den 21. September ass de Weltalzheimerdag. An eisem RTL-Reporter hu mir haut schonn iwwert déi Krankheet geschwat. Alzheimer ass déi heefegst Form vun der Demenz, et ginn iwwer 50 Formen dovunner.

20/09/2021 Den 21. September ass de Weltalzheimerdag

Et ass eng Krankheet fir déi et nach keng Heelung gëtt, déi mat der Zäit och méi schlëmm gëtt. Wat een awer hautdesdaags scho weess ass, dass een d'Liewensqualitéit vun de Leit mat verschiddene Saache ka verbesseren oder souguer d'Krankheet méi lues gi loossen. Musek huet zum Beispill positiv Effekter a wéi sech Übunge géint de Stress op d'Krankheet auswierken, dorunner fuersche grad d'Wëssenschaftlerin d'Professesch Anja Leist an hir Equipp.

Anja Leist Das ist auch ein zertifiziertes Training, das ist ganz genau vorgeschrieben, welche Übungen durchgeführt werden, welche Übungen dann auch zu Hause weitergeführt werden. Das ist eine Gruppe von verschiedenen Techniken, dieses Achtsamkeitstraining, bei denen es darum geht, den Fokus zu stärken. Also man lernt sich besser zu konzentrieren, sich auf eine Sache zu konzentrieren, beispielsweise. Da gibt es auch Entspannungsübungen, die den Stress vermindern wollen. Stress wissen wir auch führt zu verminderter kognitiver Leistung.

 

Eis RTL-Reporterin war och op Besuch an engem Foyer du Jour. Hei kommen d'Leit daagsiwwer hin a ginn Owes bei hire Famillje betreit. D'Leit hunn esou ee ganz strukturéierten Dag mat ville Beschäftegungen. D'Nicole Emeringer ass Responsabel vum Foyer.

Nicole Emeringer: Et héiert ee ganz oft vun de Familljen, dass eis Dagesgäscht daagsiwwer ganz vill schlofen. ech zréckzéien, deelweis net méi wëllen um Liewen, um aktive Liewe wëllen deelhuelen. Hei bei eis am Foyer probéiere mir deem entgéint ze wierken. Andeems mir zum Beispill déi Aktivitéiten ubidden a wann si hei dann awer dee Strukturéierten Dagesoflaf hunn, da sinn si awer ëmmer ganz motivéiert fir un Aktivitéite matzemaachen an si si wierklech mat dran, si gi matgeholl.

 

Et ass eng Krankheet, déi virun allem eeler Leit betrëfft. D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, dass d'Unzuel u Betraffenen an d'Luucht geet. Bis 2050 ginn si dovunner aus, dass 40 Prozent méi Leit Demenz kréien. Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament ronn 7000 Leit, déi déi Krankheet hunn. Den Denis Mancini vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun seet, et géif een sech aktuell keng Suerge maachen, dass et un Betreiungsméiglechkeete feelt. Och wann nach bis dohinner vill misst geschéien.

Denis Mancini: Et ass och vläicht wichteg fir an Zukunft nach aner Modeller ze fannen, Strukturméiglechkeete wéi betreit Wunnen, wéi WGen mat Mënsche mat Demenz, dass mir eis Leit nach besser integréiert kréien an eis Gesellschaft fir, dass mir deen Tabu nach bësse besser gebrach kréien. An, dass dat méi eng Normalitéit gëtt och dat.

 

Wat Lëtzebuerg betrëfft geet ee vun 19 000 Leit aus, déi bis 2050 Alzheimer hunn. Am Kader vum Weltalzheimerdag gëtt et dës Woch och nach zwee Eventer, eng Kéier vun der ALA, de Memory Walk, an eng Kéier eng Konferenz vum Info-Zenter Demenz. 

Hei fannt dir méi Informatiounen zu den Eventer ronderëm de Weltalzheimerdag:

1) Concert "Eng Rees duerch d'Zäit(en)"

Wou: Conservatoire

Wann: 19.09.2021 um 15h00

Livestream: alzheimer.vdl.lu

Organiséiert vun der "Momenter intensiv Liewen" asbl

D'Stee vum Bild vum Robi Gottlieb-Cahen:

2) Konferenz "Musik für mehr Lebensqualität bei Demenz"

Wou: Neimënster Sall Robert Krieps oder um Livestream

Wann: 23.09.2021 vun 18h30 bis 20h30

Gratis mee Umellung op billetterie@neimenster.lu

Méi Infoen hei:

Organiséiert vum Info-Zenter Demenz

3) Memory Walk

Wou: Place de l'Europe

Wann: 25.09.2021 vun 11h00 un

Touren ginn um 13h00 un, Concert start um 14h30