Den Hierscht huet lescht Woch ugefaangen an dat ass mat déi schéinsten Zäit am Wéngert. Drauwe sinn nämlech zeideg a prett fir an e gudde Wäin verschafft ze ginn. Den Zäitpunkt hätt och net besser kënne falen, well haut um Dag fänkt op der Musel d'Lies un, an d'Michèle Schons huet de Moie spontan decidéiert fir op Réimech ze fueren fir eng Hand mat unzepaken.

27/09/2021 Drauwelies: Haut ware mir an d'Drauwelies an an d'Kellerei

Mir waren am Domaine Desom zu Réimech mat op Besuch an de Marc Desom huet eis mat op de Primerbierg geholl, wou et de Moie lass goung:

27/09/2021 Best of Drauwelies 1 Am Wéngert

27/09/2021 Best of Drauwelies 1 Am Wéngert


RTL

© miSchons

No der Lies ass et dunn an de Kelter gaangen, wou een eng éischt Erfaassung bei den Drauwe geschitt, fir ze sortéiere wéi eng Zort et ass a wou se hierkommen.

27/09/2021 Best of Drauwelies 2 Am Kelter

27/09/2021 Best of Drauwelies 2 Am Kelter


RTL

© miSchons


Elo hu mer de Moscht, de Jus, dee geet dann an d'Kelleren an déi verschidde Cuven, wou se der Zort no getrennt sinn, da gëtt Hief bäigesat, dann entsteet déi éischt alkoholesch Gärung bei niddreger Temperatur.

27/09/2021 Best od Drauwelies 3 Am Gärkeller

27/09/2021 Best of Drauwelies 3 Am Gärkeller


RTL

© miSchons