E Samschden ass, ënnert der Presenz vu méi wéi 2000 Spectateuren, d'Aweiung vum neie Stadion. De Stade de Luxembourg léist domat den 90 Joer ale Stade Josy Barthel of. Zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch, der Lydie Polfer, hu mer iwwert de Chantier, d'Aweiungszeremonie an awer och iwwert de Projet Stadion geschwat.

24/09/2021 Am neie Stadion: Lydie Polfer "mir si prett"

De Stade de Luxembourg feiert e Samschden seng offiziell Ouverture. Et wier ee frou, dass um Enn alles gutt geklappt huet, an dass schonn e puer Matcher konnte gespillt ginn, esou d'Stater Buergermeeschtesch am Interview.

Verschidde Klengegkeeten, wéi Maueren usträichen oder dekoréieren mussen dann awer nach gemaach ginn. Fir d'Ouverture ass ënnert anerem de Grand Duc mat dobäi. Um Programm steet eng Lasershow a vill Musek an natierlech Sport.

D'Lydie Polfer huet e gutt Gefill bei der Saach. No exakt 90 Joer gëtt de Josy Barthel ofgeléist. D'Madamm Polfer wënscht sech och 90 Joer fir den neie Stadion. Et wier eng Plaz wou Mënsche kënnen zesummekommen fir schéi Momenter kënnen ze erliewen. Ma et wäerten awer och Momenter ginn, wou deen een oder aneren wäert enttäuscht sinn. Ma dat gehéiert eben zum Sport an zum Fairplay dozou, sou d'Lydie Polfer weider.