De Moien koum d'Nouvelle, dass d'Distillerie zu Buerglënster fir d'Zweete Kéier hannerteneen de Präis krut vum beschte vegetaresche Restaurant op der Welt. De Kach René Mathieu a seng Equipe kënnen sech domat eng weider Kéier iwwer e sougenannten. "We're Smart Award" freeën.

20/09/2021 We're smart Awards: déi bescht vegetaresch Restauranten op der Welt

Wéi gëtt de Choix gemaach a wat sinn d'Kritären fir iwwerhaapt kënnen als planzleche Restaurant ze gëllen?

Mir hu beim Frank Fol vum "We're Smart Green Guide" nogefrot, fir gewuer ze ginn wéi laang et dës Auszeechnung scho gëtt.

"Mir hu mat de "We're Smart Awards" 2009 ugefaang. Fir d'éischt an de Benelux-Länner, duenro dann och an aneren europäesche Länner. Haut si mer souguer weltwäit vertrueden."

Eng 1000 Restauranten aus 46 Länner sinn an dësem vegetaresche Guide ze fannen.

D'Auszeechnung leeft a Form vu Réidercher. 5 ass de Maximum. Critèren fir an de Guide ze kommen och ganz kloer opgelëscht.

"Et ass anescht wéi bei de Guiden vun eise Kollegen, bei deenen d'Kritären dacks net sou kloer sinn. Hei ass dat anescht: mir erklären ganz präzis wat ee pro Réidchen fir Kritäre muss erfëllen. Mir wëllen och d'Käch motivéieren, fir ëmmer méi därer Réidercher ze kréien. 1 kritt ee, wa mindestens 30 Prozent vun de Platen vegetaresch sinn." 

RTL

Bis eben dann zu 100 Prozent wéi dem Rene Mathieu säi Restaurant, dee weltwäit de Frank Fol a senge Leit déi testen ginn am meeschten iwwerzeege konnt.

"Mir si wierklech vun Ufank u Fan vum René senger Aarbecht an hunn och versicht, hien ze ënnerstëtzen fir 100 Prozent vegetaresch ze ginn. En huet immens evoluéiert, huet sech wierklech ganz do erageknéit an huet gesinn dass d'Clientèle matgeet. Dofir ass en ëmmer besser gi wat d'Wëssen an och d'Recherche vun de Planzen ugeet."

RTL