Och dëst Joer fält déi traditionell Route Du Vin aus, also kee Semi-Marathon e Sonnden zu Réimech, duerfir dann awer de Musel's Laf.

Depart an Arrivée sinn op der Place Dr. Fernand Kons zu Réimech, et ginn zwou Distanzen 10 Meilen oder 3 Meilen, dat sinn entweder 16,09 oder 4,8 Kilometer an et sinn nach Plaze fräi. Gelaf gëtt laanscht d'Musel, vu Réimech op Schengen an zeréck. Jidderee dee matleeft kritt e Kaddo, den Dossard fir déi 3 Meile kascht iwweregens 15 Euro, dee fir déi 10 Meilen 20 Euro, den Dag selwer, also e Sonnden, kann ee sech net méi umellen.

[link title:"Wann dir iech umelle wëllt HEI KLICKEN"]https://www.chiplauf.de/de/events/mousel-s-laf[link]