De Summer ass eriwwer. D'Sonn weist sech manner an déi méi kal Saison steet an d'Haus. Deemno misste mir méi vun den Insekte verschount bleiwen, déi eis picken an nerven. Moustiquë sinn zwar e wichtegen Deel vun eisem Ekosystem, et muss een trotzdeem kee Frënd dovunner sinn, wa se eis picken. Mee wéi present waren d'Insekten dann elo dëst Joer? De Jeff Rossler huet nogefrot.

23/09/2021 Moustiquen an aner Gedéiesch: Ginn et der ëmmer méi? (Internet)

Mir si se nach net ganz lass. Moustiquë si virun allem am spéide Summer an am fréien Hierscht aktiv. Dat heescht, datt een nach muss oppassen. Wann ee sech e bëssen ëmhéiert, kritt een d'Impressioun, datt dëst Joer souguer méi Gedéiesch ënnerwee war. Dat gëllt net nëmmen fir d'Moustiquen, mä och ënnert anerem fir d'Schneideren. Mä wéi gesäit et da wierklech aus?

D'Lieke Mevis vum Haus vun der Natur gesäit eng däitlech Tendenz: "Ganz subjektiv gesinn, hunn ech z.B. dëst Joer genee de Géigendeel constatéiert. Meng Famill an ech si vill manner gepickt ginn, wéi soss aner Joren. Allgemeng kann een awer soen, datt d'Insektepopulatiounen am Gaange si staark erofzegoen, net just hei zu Lëtzebuerg, mä weltwäit. Eise Centre Ornithologique, déi d'Datebank vun de Villercher hei zu Lëtzebuerg hunn, beobachten z.B. och e staarke Réckgang bei den Aarten, déi sech vun Insekten ernären.

Villercher wéi d'Blobrëchtchen, d'Hausschmuewel oder d'Heckegraatsch hunn elo Probleemer hir Jonker opzezéien. Bei den Instektebestänn geet et nämlech net nëmmen ëm d'Moustiquen, mä och z.B. ëm Beien a Päiperleken. Wëssenschaftler vun der Technescher Universitéit München a vum Däitschen Entomologeschen Institut hu bei Stéchprouwen op verschiddene Plazen e staarke Réckgang gemooss. Mëtt 19. Joerhonnert konnt een nach méi wéi 110 Päiperleksaarte fannen, 2013 waren et der just nach 71. Domadder hunn net nëmmen d'Villercher e Probleem.

"Ganz kloer ass op alle Fall, datt Insekten eng wichteg Liewensmëttelgrondlag fir immens vill aner Déiere sinn. Ausserdeem spille se eng wichteg Roll beim Bestäube vu Planzen, dat gëllt net just fir Beien, mee z.B. och fir d'Schneideren", esou d'Lieke Mevis.

Dobäi fillt et sech awer u wéi wa méi Moustiquen do wieren. Ma d'Iwwerschwemmunge kéinten dozou bäigedroen hunn. Dës Béischten hunn et gär, wann et e bësse méi dompeg ass. Duerch dat ganzt Waasser ass d'Loftfiichtegkeet eropgaangen. Dowéinst kéint et sinn, datt se a verschiddene Regioune vum Land vläicht méi present ware wéi soss. Dobäi gëllt trotz allem: Mir Mënschen dinn den Insekte generell kee Gefalen.

"Den Asaz vu Pestiziden huet sécher e groussen Impakt an och den intensive Landbau. Da kënnt schlussendlech och dobäi, datt et e staarke Réckgang vun natierleche Liewensraim gëtt. D'Tendenz weist am Moment ganz kloer no ënnen, also et gëtt der an Zukunft warscheinlech manner." Dat sot d'Lieke Mevis weider.

Et ass awer nach net alles verluer. Op der ganzer Welt ginn Organisatioune lancéiert, fir den Insektebestand erëm ze verbesseren. Dir doheem kënnt och scho mathëllefen. Wann dir einfach e puer heemesch Planzen ubaut, am Hierscht elo puer Bengele leie loosst an e bësse plakeg Äerd fräi haalt, fir Beiennäschter, dann hutt dir och schonn e klengen Deel dozou bäigedroen.