Wat maacht Dir mat Saachen, déi nach an der Rei sinn, awer net méi braucht? Vill Leit géifen dës einfach ewech ginn, mee d'Leit vu BENU Village Esch hu mat der Fondatioun André Losch en neie Projet lancéiert an zwar op dem Site "BENU ReUse" kennt dir är eege Saachen ubidden, déi dir net méi wëllt oder braucht, sou dass se nach weiderhin vu Notze kënnen sinn. De Georges Kieffer vu BENU erzielt iech méi Detailer.

23/09/2021 BENU ReUse- de Reportage vum Radio

Georges Kieffer: Dat Besonnescht un der Plattform ass, dass BENU selwer den Transport dofir iwwerhëlt, fir d'Weeër ze optimiséieren an ze reduzéieren. Sou muss net ee wéinst enger Vase z.B. vun Ëlwen op Dikrech fueren. Virun allem fënnt een Site immens vill iwwer d'Saachen eraus, déi ee nach virun benotze kann, z.B. wat ee léiwer op e Recyclinghaff ofgi sollt a wéi eng Saache sollt ee mat guddem Gewësse viru ginn. Dat war eis ganz wichteg.

Wann dir eppes verschenke wëllt, musst dir dofir och näischt bezuelen. Deejéinegen, deen dat kritt, bezilt an der Reegel 10 Euro; Studenten, Leit mam Kulturpass oder déi an enger méi prekärer Situatioun sinn, bezuele just 5 Euro. Fir ASBLen ass den Transport gratis. Et kann een awer net alles ubidden; fir Gezei a Liewensmëttel ginn et schonn eng Rëtsch Aktiounen, fir se weider ze ginn, déi si vu BENU ReUse ausgeschloss. Saachen, déi futti oder geféierlech fir Mënsch an Ëmwelt sinn, ginn och net ugeholl. Um Site kann ee sech méi genee informéieren.
Georges Kieffer: Mir hunn um Site eng ganz Parti Etuden an och Gesetzer virgestallt an interpretéiert, sou dass ee se méi liicht versteet, fir dass een z.B. erkenne kann, dass den eegene Frigo, dee méi wéi 25 Joer al ass, dass et bei deem bal sécher ass, dass schwéier Metaller an Asbest dra verschafft goufen. Dat si Produiten, bei deene mer soen, dass et do Erklärunge ginn, firwat ee sech do bei der nächster Freonskëscht oder um Recyclinghaff mellt an do no freet, wéi een e kann ofginn. Probéiert w.e.g. net méi sou eppes virun ze ginn.

Da muss een elo just nach seng Saachen online stellen a waarden, dass een Interessi weist. Dat ass sou einfach um Internet en place gesat ginn, datt et fir béid Partie ganz einfach geet.
Georges Kieffer: Do hu mer eis vill Gedanken dozou gemaach. Jiddereen deen et ausprobéiert an do drop kënnt, wäert gesinn, dass mir eng Parti froe stellen. Dovunner sinn déi wéinegst obligatoresch, just nëmmen an deem Fall, wou mer soen, mir dat ofklären musse, fir sécher ze sinn, dass de Produit net noweislech belaaschtend ass. Mir bieden d'Leit wierklech fir dat méi detailléiert unzeginn. Wann ech eng verwäsche Foto weisen vun engem Sak, wou wahrscheinlech eppes dra läit, da ka keen eppes domadder ufänken. Heescht, jee méi Informatiounen mir doriwwer ginn, da gëtt et och vill méi einfach, fir en Amateur dofir ze fannen. Wann dee sech déi Detailer ukuckt a seet "dat ass genee dat, wat ech wollt", da kann dee sech bei eis mellen. An deem Moment organiséiere mir den Transport.

BENU ReUse ass eng Plattform déi vun der Participatioun lieft. Wann dir also vläicht nach Etude kennt, zum Thema Recyclage, déi anere Leit hëlleft erauszefannen, wat se mat hiren ale Saache maache sollen, kennt Dir se um Site

eraschécken.