Dat schéint Fell vun engem Hamster bréngt et mat sech dass sou en Déier vu Kleng a Grouss geheemelt gëtt. Wat ass awer lass mam Hausfrënd wann et gelungen Plazen am Pelz gëtt, an d'Hoer ausginn. E Fall fir d'RTL Déierendoktesch Romi Roth.

23/09/2021 Déierentipp: Hamsterkrätz

Nodeems hinnen u Kriibs kuerz hannerteneen 3 Hamsterbriddercher gestuerwe waren, ass d´Famill Tholl an d´Äifel bei e ganz seriöen Ziichter, de Goldhamster Cricri siche gefuer. Mat vill Léift an adaptéierten Leckerlien fir Hamster hate si dat ufanks scheit, bëssegt Déierchen geschwënn esou wäit, dass hien owes vum selwe koum fir geheemelt ze ginn. Op eemol war de Cricri dunn awer erëm ondugen a wollt sech net méi upake loossen. Iwwert de Schëlleren hat hien iwwert eng Flaatsch vun der Gréisst vun engem 2Euro-Stéck keng Fliichte méi mä dofir elauter bluddeg Rëff déi gesëffert hunn.

23-09-2021 Déierentipp - Romi Roth - Hamsterkrätz - Feststellung

Well d´Famill gefaart huet,  geschwë scho nees en eidelen Hamsterkäfeg ze hunn, gouf de Cricri direkt an d´Praxis bruecht.

Mat engem Sträif Tesa, deen dem rosenen Hamsterchen d´éischt op de rëffege Bockel an dunn op eng Glasplättchen gepecht an ënnert dem Mikroskop ënnersicht gouf, war d´Diagnos séier gemaach: de Cricri hat  Krätzmilben erwëscht.

 Hamsterkrätz gëtt wéi Acariosen (Milbekränkten) bei aneren Déierenzorten och behandelt. Ee präzis doséiert Spot-on-Medikament gouf tëscht déi butzeg Schëllerblieder gedrëpst a fir de Rescht vu Krätzmilben ze erstécken an d´Haut allgemeng ze stäerken, ass all Dag Kokosueleg drop gemaach ginn. Bei der Kontroll no enger Woch war de Cricri erëm léif an op der kranker Haut koumen schonn éischt nei Fliichten no.

23-09-2021 Déierentipp - Romi Roth Hamsterkrätz - Behandlung