An eisem RTL-Reporter ware mir haut ënnerwee mat der Post. Do geet et Moies fréi lass, um 6 Auer geet den Dag vun esou engem Bréifdréier un. Virun e puer Joer war et knapp mat Bréifdréier, do gouf et eng reegelrecht Penurie. Elo gesäit dat awer anescht aus, wéi eis den Angelo Piras vum Centre de Tri zu Beetebuerg erzielt.

11/10/2021 Ënnerwee mat der Post

Angelo Piras: Depuis 2018 on ne peut plus parler de pénurie dans l'embauche des facteurs. Simplement parce que on a revu tout notre processe d'embauche. On a d'abord revu les conditions pour être facteur. Et on a ouvert c'est postes à tous nos collaborateurs qui sont frontaliers.

Am Centre de Tri kommen alleguerten d'Bréiwer aus dem ganze Land un. 

RTL

© Lea Schwartz

RTL

© Lea Schwartz

Do ginn si da vun enger spezieller Maschinnen zortéiert an da gi si nees weider gefouert an déi verschidde Centre de Distributioun. 

RTL

© Lea Schwartz

Vun do aus iwwerhuelen dann d'Bréifdréier. Eng Charge, déi nach net vu Maschinnen iwwerholl gouf. Wat och net geplangt wär. Nach eng Kéier den Angelo Piras.

Angelo Piras: Dans un avenir proche, non. C'est tout à fait possible, d'oû tous ce qui est digitalisation, amélioration technique. Par contre ici au Luxembourg, on est un petit pays. Par rapport au service universel on continue déjà de distribuer le courriel 5 jours par semaine. Ce qui n' est pas le cas dans ces pays là. Par contre on a déjà étudié la possibilité pour pouvoir livrer des colis notamment avec des drones. Mais ça ne serait pas pour demain, ça serait pour après-demain.

De Kontakt mat de Leit wär grad an deem Beräich och wichteg. Wéi eis d'Natascha Quintus erkläert. Si geet zanter 10 Joer op de selwechten Tour an op deem hate mir si begleet.

Natascha Quintus: Also de Kontakt ass allgemeng ëmmer wichteg, mee an der Pandemie huet ee gemierkt fir eeler Leit war en nach méi wichteg. Wëll mir waren amfong déi eenzeg Persounen, déi d'Leit gesinn hunn. D'Kanner hunn si geschützt, wëll si Angscht haten. Et wosst jo kee wat op een duer géif komme mat Corona. An sou ware mir déi eenzeg Persoun, déi mir do amfong gesinn hunn. An dann hu mir op Ofstand e wéineg geschnësst a probéiert hir iergendwéi d'Angscht ze huelen.

RTL

© Lea Schwartz

RTL

© Lea Schwartz

116 Millioune Bréiwer ginn esou duerch d'Hänn vun deene verschiddenen Acteure bei der Post. Ronn 4.600 Leit schaffen do an domadder ass et och de gréissten Employeur aus dem Land. Déi ganz Reportagë kënnt dir am Detail natierlech nolauschteren um radio.rtl.lu.