D'lescht Joer war Paus, dir wësst firwat, ma dëst Joer gëtt déi 45. Editioun vum Walfer Vollekslaf ofgehalen, op Pappendag.

Et sinn nach Dossarden ze kréien, ma d'Zuel vun de Leefer fir déi 5,5 oder 12 Kilometer ass limitéiert, also séier bäimaachen. Den Depart fir d'Haaptcourse, an och fir déi 5,5 Kilometer ass e Sonnden de Moien um 10:00. A well een zu Walfer probéiert, sou gutt et geet, en ëmweltfrëndleche Laf z'organiséieren, invitéieren déi Responsabel vum ëffentlechen Transport Gebrauch ze maachen; dat soll dann och net äre Schued si, well jiddereen dee mam Zuch zu Walfer ukënnt, kritt e Bong an de Grapp gedréckt an hëlt automatesch un enger Tombola deel, bei där et ënner anerem Abonnementer fir an d'Pidal ze gewanne ginn. Et ginn also genuch Grënn fir beim 45. Walfer Vollekslaf matzemaachen a mam Bus oder Zuch dohinner ze fueren.