Wann ee sech en neit Hausdéier uschaaft, sollt ee sech am viraus och dat néidegt Wëssen uliesen. Wat sou en Hausdéier brauch, wat him gefält oder wat net. Respektiv och wéi eng Krankheeten optrieden kënnen. Oder et sicht ee sech den Déierendokter vu sengem Vertrauen, Romi Roth.

28/09/2021 Déierentipp: Toxoplasmos - Verdacht bei Kazen

Di nei Meeschtesch hat d´Lori an de Joshi dowéinst scho mat siwe Wochen aus dem strubbelvolle Refuge matkritt, fir datt si sech net mat eppes ustieche géifen. Mais doheem ukomm huet d´éischt déi butzeg Miisschen an dono dee méi maansen Kiederchen ugefaangen e bëssen Duerchfall ze kréien. A grad dunn ass déi jonk Fra gewuer ginn, dass si an aneren Ëmstänn wier. Well si gefaart huet, deen Duerchfall kéim vun enger Toxoplasmos mat däer si hiert Këndchen an d´Laberenten kënnt bréngen, huet si déi zwee séier emol an d´Praxis bruecht. D´Toxoplasmos ass leider wierklech eng Zoonos, wat heescht, dass déi Kränkt och vu Kazestull op d´Leit iwwergoe kann, wou se virun allem fir ongebuere Kanner geféierlech ass

28-09-2021 Déierentipp - Romi Roth - Toxoplasmos Verdacht bei Kazen

Wat kann een dann an esou Fäll maachen? Da misst op jiddwer Fall emol een aneren aus dem Stot d´Kazentoilette propper maachen?

Jo, well bei esou jonke Miissercher bréngen Labosresultater nach net vill: Stullanalysen net well den Duerchfall d´Prouwe verdënnt an den Erreeger dowéinst vläicht net ze gesinn ass. D´Bluttanalys ka negativ sinn well d´Déiercher (nach) net genuch Antikierper hu kéinten. Wa se positiv ass, kann dat bis sechs Méint nach vun der Mammemëllech oder hirem Blutt  kommen. Zwar mussen Toxoplasmen sech och zwee Deeg bei héijen Zëmmertemperaturen weiderentwéckelen fir iwwerhaapt unzestiechen. Esou dass just an Ausnamefäll e Problem kéint sinn wann wierklech all Dag d´Streekëscht propper gemaach géif. Mais dem Lori an dem Joshi hier Meeschtesch wollt sech dorop net verloossen. Si huet dowéinst déi kleng Miissercher léiwer an der Praxis gelooss, wou ganz séier e neit Doheem fir si fonnt gi war.

28-09-2021 Déierentipp - Romi Roth -Toxoplasmos an d´Resultat