© AFP
Déi meescht hu sech sécher nach ni d'Fro gestallt, ma firwat sinn d'Sëtzer am Kino dacks rout? Ob een dat elo schéi fënnt, ass eng Affaire de goût, mee déi Faarf huet natierlech e Grond. De Jeff Rossler weess firwat.
All Faarf huet säi eegenen Effekt op eis Mënschen. Sou gëtt z.B. an eise Smartphonen am Dark Mode d'Faarf blo e bëssen erof gedimmt, well Blo eis soss waakreg hält. „Dark Mode“ ass och d'Stéchwuert, wann et elo an de Kino geet. Et kéint ee mengen, dass d'Kinossäll einfach der Traditioun no de klasseschen Operen no empfonnt goufen, déi deemools och gréisstendeels rout a gëlle waren. Ma nee, et geet ëm eis Konzentratioun. Rout ass einfach déi éischt Faarf, déi fir dat mënschlecht A verschwënnt, wann et däischter gëtt. Sou gi potentiell Oflenkungen sou gutt wéi méiglech onsiichtbar gemaach an de Spectateur konzentréiert sech esou gutt wéi méiglech op de Film.
Dat kënnt duerch de sougenannte Purkinje-Effekt. Den éisträichesche Physiolog Jan Evangelista Purkinje huet 1819 déi éischte Kéier entdeckt, dass d'mënschlecht A bei manner Luucht, also z.B. an der Nuecht, mat anere Rezeptore kuckt, wéi wann et méi hell ass. Doduerch dass alles ronderëm däitscher gëtt, gesinn d'Aen déi rout Sëtzer oder d'Riddo net méi. Wieren se blo oder gréng, kéinte mer se vläicht nach bemierken a se kéinten eis da vum Film oflenken.
Rout hëlleft awer net nëmmen am Kino, mee gouf scho bei de Bauere benotzt. Scheiere goufen am 17. Joerhonnert mat Fluesssomueleg bestrach, fir d'Holz vun de verschiddene Wiederkonditiounen, wéi Reen oder Schnéi, ze schützen. Et gouf dunn och Rascht bäigemëscht, well een esou verhënnere konnt, datt Champignonen a Mooss um Holz matgewues sinn. Dat ass de Grond firwat Scheiere rout waren. Dozou koum nach, dass méi däischter Faarwen, wéi z.B. Rout, d'Hëtzt éischter bannen halen, wouduerch et am Wanter net esou kal an der Scheier war. Mëttlerweil ginn et aner Methode, fir dat alles hinzekréien, an d'Faarf gëtt just aus Traditioun bäibehalen.
Net nëmme Rout huet eis a verschiddene Liewenslage weider gehollef. Zu Glasgow an op verschiddene Plazen a Japan goufen z.B. blo Stroosseluuchten opgestallt an op dëse Plaze wore Kriminalitéit a Suiciden notamment erof gaangen. Wéi genee déi blo Luucht eis do beaflosst, weess d'Wëssenschaft awer nach net esou wierklech.