De Freideg ass d'Weltausstellung zu Dubai jo endlech mat engem Joer Retard opgaangen. Ënnert de bal 200 Länner ass och Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertrueden.

04/10/2021 Op der Tëlee: Lëtzebuerg op der Weltausstellung zu Dubai

Eng Equipe vum RTL war op der Plaz an huet d'Ouverture materlieft, den Owend am Magazin ass dat dann och de Sujet. Fir d'Equipe vum Maggy Nagel, der Expo-Kommissärin war et natierlech e Joer voller Ongewëssheet, well d'Pandemie hat och do munches op d'Kopp gehäit an net just den Datum vun der Ouverture. Déi gouf awer lo grouss gefeiert am Emirat an elo sinn d'Dieren op. An och de Lëtzebuerger Pavillon konnt seng éischt Visiteuren ëmfänken, déi nawell ganz begeeschtert waren, ëmmerhin gëtt et do vill z'entdecken, fir munchereen ass et iwwerhaapt fir d'éischt datt ee vum Grand-Duché héiert.

04/10/2021 DUBAI Expo 2020 Micro Trott

Dat also di éischt Reaktioune vun den internationale Gäscht déi op dëser Weltausstellung dann och an de Lëtzebuerger Pavillon luusse koumen.