D'Roll vum Ergotherapeut geet vun der Berodung iwwer d'Preventioun, de Choix un techneschen Hëllefsmëttel an och aner Rotschléi. Zum Beispill ginn et haut praktesch Rotschléi fir den Aidant, wann et ëm d'Un- an Ausdoe vun der Fleegepersoun geet, Michèle?

16/10/2021 Gutt a Form - Hëllef beim Un- an Ausdoen

De Prozess vum Un- an Ausdoen strukturéiert den Dag an ass eng gutt Geleeënheet fir sech ze beweegen an d'Feinmotorik ze trainéieren. Grondsätzlech gëllt dofir och hei dass d'Persoun esou laang wéi méiglech dat selwer maache sollt, och wann et méi laang dauert. Virun allem sollt een der Fleegepersoun d'Decisioun nach ëmmer selwer iwwerloosse, wat se undeet. Jee no kierperlecher Verfassung vum Betreiten, ass deen awer vläicht net méi capabel fir sech unzedoen, oder net méi eleng alles ze packen. Da braucht en Hëllef. Joana Valente, Ergotherapeutin bei Doheem versuergt:

En ce qui concerne la manutention, trois grands principes s’appliquent aux aidants lors des actes de manutention: garder le tronc bien droit, garder son corps contre celui de l’aidé et plier les genoux en restant stable sur les appuis. Cela s’agit du procédé idéal pour optimiser le soulèvement de poids de la personne aidée et afin d’éviter les maux de dos.

Och de Choix vun de richtegen Hëllefmëttel ass wichteg, fir all Handgrëff z'erliichteren:

Les aides-techniques comme les lève-personnes actifs/passifs, les barres d’appui, les draps de glisse, les disques et planches de transfert, les chaises de transfert, etc. facilitent les différents types de transferts et augmentent la sécurité de ceux-ci.

Finalement, il est important que l’aidant demande de l’aide lorsqu'une tierce personne se trouve sur place, qu’il utilise les aides-techniques présentes sur place, qu’il accorde seulement le niveau d’assistance nécessaire (que l’aidant laisse la personne aidée participer le plus possible) et finalement qu’il communique avec l’aidé avant, pendant et après l’acte de manutention.

Nach aner Hëllefsmëttel, wéi Schongläffel, Kleederkrop, Klettverschloss, e Crochet fir d'Knäpp zouzemaachen, eben och der Situatioun ugepasste Kleeder, sinn hei ze recommandéieren.