Kazen hunn hire Kapp, a weisen en och gär. Wann dann awer och nach gesondheetlech Problemer opdauchen, erliichtert dat d'Situatioun net grad. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet do dësen aktuelle Fall.

07/10/2021 Déierentipp: Verstoppte Laanghoerkaz

Den Hellege-Birma-Kueder Elliott war nach ëmmer e wonnerschéine Béischt. Dat alt sécher och e bëssen well dem 18 Joer ale Kueder säin décke Laangpelz-Buuscht verstoppt huet, dass hien immens gouereg gi war.  Well säin Daarm pathologesch liddereg ass - bei där Rass keng Raritéit - muss hien zanter Joren  all Dag eppes op säi Fudder gesprayt a Pëlle kréien. A well déi Krisen, bei deenen am Gedäerms da näischt méi vijenzeg an hannerzeg geet, och doduerch kommen, dass deen ale Granzert sech putschweis Fliichten ausrappt an ofschléckt, misst hien am Fong och all Dag gutt ausgebiischt ginn. Wat bei sengem granzegen Temperament kee Kaddo ass.

07-10-2021 Deierentipp - Romi Roth - Verstoppte Langhoerkaz - Problem

Bei esou Déieren weist sech dann awer d´Déiereléift, déi een da schonn muss hunn fir duerzehalen. Fir  hire Beruff, muss seng Cheffin heiansdo och méi laang verreesen. An natierlech léisst den Elliott keen Homesitter op ee Meter mat Kamp, Biischt, Pëllen a Spray u sech erun.

No hirer Rees huet d´Madamm hien an engem verzweiwelten Zoustand an d´Consultatioun bruecht. Hien war an engem Stéck am Gaang ze probéieren Stull ze maachen an hat dowéinst och schonn eng Bluttdrock-Kris. Mat enger Sedéierung, déi dann och geféierlech ka sinn, huet hien missen ausgeraumt an duerno hospitaliséiert ginn, bis en erëm ganz an der Rei war. Mat Kazen-CBD-Drëpsen, déi hien sech och vun der jonker Studentin gi léisst, soll elo mol probéiert ginn, hien och wann hien eleng bleift emol méi Zen ze halen.

07-10-2021 Deierentipp - Romi Roth - Verstoppte Langhoerkaz - Léisung