An eiser Serie iwwer Beruffer an der Moudeindustrie geet et haut ëm een Artikel deen all d’Fraen - an lo rëm ëmmer méi Männer - am Alldag begleed an deen een an alle méigleche Faarwen, Gréissten a Stiler kritt. Jo genau, mir schwätzen iwwer Poschen! En Accessoire dat och schonn di al Ägypter genëtzt hunn. An der Tëschenzäit explodéiert de Marché praktesch vun Optiounen. D’Valeria Wiwinius huet mat enger Poschendesignerin geschwat déi sech an deem saturéierte Marché probéiert z'etabléieren.

07/10/2021 D'Poschendesignerin

Paräis, Italien, Asien, Saudi Arabien. Iwwer di lescht 20 Joer huet d’Schwäizerin Sabrina Deloumeaux Erfahrungen op deene verschiddenste Plazen a Beräicher gesammelt. Vu Fraekleeder iwwer Männer- a Kannermoud bis hinn zu Bijouen: si huet alles ausprobéiert. Tëschenduerch war si och eng Zäitche fräiberufflech als Stylist ënnerwee an huet souguer véier Joer laang eng Chocolaterie geréiert. Hiren Dram wier et awer ëmmer gewiescht Designer ze ginn - dorun hätt sech bis haut nach ëmmer näischt changéiert.

Hir Erfarungen hunn awer hire Point de vue op d'Moudeindustrie immens influenzéiert. Als Resultat huet si virun zwee Joer hir eege Mark "Iconic Jungle" lancéiert.

Zanter dass d'Sabrina hir éischt Schrëtt an der Moudeindustrie gemaach huet, hätt sech de Roll vum Designer och allgemeng immens changéiert. Sou wier et hautdesdaags zum Beispill essentiell als Moudehaus fir eppes ze stoen, wéi zum Beispill Déieren- oder Ëmweltschutz. Grad bei sou Themen wier et awer immens wichteg den Tri ze maachen an net einfach dem Trend nozegoen, sou d’Sabrina.