Dës Kéier geet et ëm de Cyclist, dee Punkten op sengem Fürerschäin ka verléieren wann e sech eppes mat sengem Vëlo zu Scholde komme léisst? Mir hu beim Affekot Jean-Jacques Schonkert nogefrot.

12/10/2021 Wat seet d'Gesetz an deem Fall...?

Kascht et mech Punkten um Fürerschäin wann ech mer eng mam Vëlo zu Scholde komme loossen?
Vëlofueren ass deen neie Volleks-Sport. Ëmmer méi Leit sinn op zwee Rieder ënnerwee an d'Fro kënnt esou och ëmmer méi heefeg op.
Jean-Jacques Schonkert: De Prinzip ass deen hei, d'Gesetz iwwert de Code de la Route vun 1955 applizéiert fir all Chauffer mat engem Gefier op der ëffentlecher Strooss. De Cycliste ass e Chauffer, säi Vëlo ass e Gefier, wann en op der ëffentlecher Strooss fiert, sief dat d'Strooss selwer oder den Trottoire, fält en ënnert dat Gesetz. D'Gesetz gesäit vir, wann een sous influence d'alcool fiert, da kann een de Bong verléieren an och Punkten ofgehale kréien. Vun der Geldstrof asw. mol net ze schwätzen.
De Fürerschäin ass awer net fir de Vëlo heescht souguer wann ech keng Punkte méi hunn, kann ech mam Vëlo fueren, dat ass keen Thema. Wann ech da voll fueren an ech hu keng Punkten, da kënnt et viru Geriicht an da gëtt et eng richteg sauer.

Wéi gesäit et mat der Ongerechtegkeet an deem Punkt aus? Dee mam Fürerschäin verléiert Punkten, deen ouni Fürerschäin gëtt dee Moment manner bestrooft.

Jean-Jacques Schonkert: Et kritt een awer ëmmer nach d'Geldstrof an wann een eng Kéier de Fürerschäin maachen, kuckt de Ministère och nach ob een iwwerhaapt mental a physesch zougelooss ass fir de Fürerschäin ze maachen. Déi Strof muss een da fir d'éischt ofsëtzen. Wann een dat dann och nach méi dacks mécht, kann een och nach an de Prisong goen.

Wéi ass et wann en Déier, beispillsweis engem Bauer seng Kou oder engem Proprietär säi Mupp en Accident provozéiert? Kritt een do och eng perséinlech Strof?
Jean-Jacques Schonkert: Zivilrechtlech op alle Fall. Et ass sou, dass deen, deem eppes gehéiert, egal ob Auto oder Déier, dee muss dat alt ënnert Kontroll halen. Wann dat Déier engem aneren e Schued mécht, muss en zivilrechtlech dofir opkommen.