Musek ass wéi eng Krankheet. Se deet eis elo näischt Schlëmmes, mee se verbreet sech genee esou séier. Dat seet eng rezent Etüd aus Groussbritannien. Wat derhannert stécht, huet de Jeff Rossler nogekuckt.

12/10/2021 Musek verbreet sech wei eng Epidemie (Internet)

Vill Faktoren, déi suergen, datt eng Krankheet sech verbreet, sinn déi selwecht fir datt méi Leit e Lidd lauschteren. Egal ob Ouerwuerm oder Infektioun, béides gëtt bei sozialem Kontakt méi séier iwwerdroen. Fuerscher vun de Proceedings of The Royal Society A hunn e Modell, deen dofir benotzt gëtt de Verlaf vun Epidemien virauszesoen, an hunn deen beim Streamingdengscht "MixRadio" benotzt. 1,4 Milliarden Downloads goufen analyséiert an d'Courben gesinn änlech aus wéi bei gewësse Krankheeten.

Natierlech ënnerscheet sech Musek a gewëssene Faktore vun eng Epidemie. Wann ee vu sozialem Kontakt schwätzt, mengt ee bei Krankheeten éischter de physesche Kontakt. Ma bei der Musek ass dat net de Fall, well et verschidde Weeër ginn engem Lidder méi no ze bréngen. Et kann een e Lidd z.B. a seng Instagram Story paken oder et engem och einfach privat schécken, a schonn kann ee vum Lidd infizéiert ginn.

D'Fuerscher konnten souguer erausfannen, wéi ee Genre méi ustiechend ass wéi en aneren. Elektronesch Musek läit an dëser Kategorie ganz vir. Wier dëse Genre e Virus, géif e sech 190 mol méi séier ausbreeden wéi d'Riedelen. Rock an Hip-Hop sinn och nach iwwerduerchschnëttlech, just Metal bleift verhältnisméisseg manner wäit verbreet. Trotz allem sinn d'Wäerter, wéi gutt ee Lidder verbreede kann, generell schonn däitlech méi héich wéi bei de Viren. Dat ass och logesch: D'Verbreedung vu Krankheeten ass op physesche Kontakt limitéiert, mee iwwert den Internet kann ee banne Sekonnen Dausende vu Leit erreechen, wann een e Lidd deelt.

D'Verbreedungszuelen kënnen eis awer och eppes iwwer d'Mënschen erzielen an iwwert Ännerungen an der Gesellschaft. Elektronesch Musek verbreet sech vläicht besser, well d'Leit besser vernetzt sinn oder well dës Leit hir Lidder éischter deelen. Pop a Rock huet iwwer d'Jore vill Hëllef duerch de Radio kritt. Dëser Deeg wou Musek och vill duerch Streaming gelauschtert oder iwwer Social Media Plattformen wéi TikTok verbreet gëtt, hunn dofir eenzel Nischen mëttlerweil eng méi grouss Chance ënnert d'Leit ze kommen.