Haut viru 65 Joer ass d'Schach-Welt bei der "Partie vum Joerhonnert" op deen eréischt 13 Joer jonke spéidere Weltmeeschter Bobby Fischer opmierksam ginn.

17/10/2021 Op den Dag: Schachmatt!

De 17. Oktober 1956 sinn zu New York am Kader vum Rosenwald-Memorial-Turnéier den unerkannte Schachmeeschter Donald Byrne an dat eréischt 13 Joer aalt Nowuesstalent Robert James "Bobby" Fischer openee getraff. Et war déi 8. Ronn an de Bobby, deen iwwregens déi schwaarz Figuren hat, huet bei där Partie säi Géigner mat e puer innovativen awer och improviséierten Zich zimmlech mal à l'aise gesat. Deen huet beim 11. Zoch e klenge Feeler gemaach an dee jonke Bobby ass voll an den Ugrëff gaangen. En huet souguer beim 17. Zoch seng Damm geaffert mä de Bobby konnt sengersäits dem Byrne en Tuerm, e Leefer an e Bauer ofhuelen. Um Enn koum et zu engem Schachmatt, mat deem keen, vrun allem dee routinéierte Byrne nimools gerechent hat.
Den Donald Byrne sot zwar herno an engem Interview, datt e scho relativ fréi an der Partie säi Feeler gemierkt hätt, d'Partie awer net wollt opginn mä op en Enn bréngen. An dat aus Unerkennung a Respekt viru sengem jonke Vis-à-vis.
De Bobby Fischer koum um Enn zwar nëmmen op déi 8. Plaz bei dësem Turnéier, de Byrne gouf 5., den Duell hat also kee weideren Afloss op den Ausgang. Mä d'Manéier a vrun allem säi jonken Alter hunn an der Schachwelt fir Diskussioune gesuergt. Vrun allem a Russland ass een op dee culottéierten Amerikaner opmierksam ginn. De Groussmeeschter Juri Awerbach, haut 99 Joer al, huet em deemools eng grouss Karriär virausgesot. An de Mann sollt Recht behalen.
1958 ass de Bobby Fischer Groussmeeschter ginn an 1972, no enger grad esou spektakulärer a memorabeler Partie géint de Boris Spasski, och Weltmeeschter. 3 Joer laang sollt en dat bleiwen, duerno huet e sech komplett aus der Schachkompetitioun zeréckgezunn. Seng lescht Joren huet en an Island verbruecht, en ass 2008 am Alter vu 65 Joer zu Reykjavik gestuerwen.

RTL

© Ulrich Kohls

Den Bobby Fischer am Joer 1960