D'Zäit wou een ëmmer méi Leit rondrëm sech nees houschten an néitschen gesäit ass lancéiert. An der Déirenpraxis ass dat net vill aneschter. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall matbruecht deen net schéin ze beschreiwen ass well een déi Virstellung am Kapp net méi lass gëtt.

Eisen Jackie huet et mam Mo! Hien iwwergëtt sech an engem Stéck. Iwwerall am Haus leien esou Pillercher oder Kéipercher wäisse Schaum. A wat komesch ass: wéi mir haut de Moien lafe waren- ouni den Hond, well hien futti midd war, do hu mir am Bësch och elauter däer wäisser Schaumflaatsche leie gesinn. Den Jackie, e schéine schottesche Collie, huet wierklech e bësse bleech gewierkt. Seng Leit am iwwregen och. Si haten an der Nuecht – iert si hien moies fréi als Urgence an d´Praxis bruecht haten - keng Véierelsstonn um Stéck ze schlofe kritt. De jonke Collie, dee säi Bett an hirem Schlofzëmmer stoen huet, war am Zéng-Minutten-Takt am Gaang ze wiergen.

12-10-2021 Déierentipp Romi Roth - Zwingerhouscht - Feststellung

Mam Mo hat hien et awer net. An hien hat sech déi ganzen Zäit och net iwwerginn. Wann Honn houschten, kléngt dat, besonnesch beim Zwingerhouscht, ëm deen et hei a Wierklechkeet goung, ganz anescht wéi bei de Leit. Mais géint den Zwingerhouscht gëtt et dach eng Impfung?

Mat der Impfung géint den Zwingerhouscht, Toux de Chenil, ass et wéi mat der Impfung géint Grippe bei de Leit. De geimpfte Mupp ass da géint zwee ganz schlëmm Erreeger immun, déi grad bei jonken,  méi schwaachen oder ganz alen Déiere liewensgeféierlech Longenentzündunge maachen. Géint ëm déi zwanzeg aner Mikroben vun deenen och esou en Houscht komme kann awer net. Den Jackie war am Iwwregen och geimpft. Vläicht war awer dowéinst säin, wéi een et e bësse grëffeg kéint nennen, Katzhouscht och vill méi séier geheelt ewéi soss. No enger Therapie mat Sprëtzen vun Antibiotikken, Mëttelen géint d´Entzündung a géint den Houscht an Drëpse fir doheem ze ginn, war den Jackie no e puer Deeg erëm fit a konnt nees matlafe geholl ginn.

12-10-2021 Déierentipp Romi Roth - Zwingerhouscht - Explikatioun