Zu Lëtzebuerg hunn an der Moyenne all Dag 4 Persounen en Hireschlag. Am Kader vum Weltdag vum Hireschlag den 29. Oktober si vun dësem Weekend u bis den 1. November eng Rei Sensibiliséierungs-Campagne geplangt. D'Chantal Keller, déi virun e puer Joer selwer vun engem AVC betraff war, huet d'Associatioun Blëtz gegrënnt fir de Betraffene Riet an Äntwert ze stoen, wa se an esou engem Fall sinn.

RTL

Am Fall vun engem Schlag sinn nämlech gewëssen Zeechen a Symptomer déi een direkt erkenne kann, wéi zum Beispill, eng Gesiichtslämung, dass de Mond op enger Säit erofhänkt, dass een d'Äerm net méi an d'Luucht kritt, oder Problemer mat der Aussprooch a mam Schwätzen huet. An deem Fall sollt ee keng Zäit verléieren an esou séier wéi méiglech den 112 ruffen.
D’Corona-Pandemie an d’Precautiounen, déi hu misse geholl ginn, riskéiere bei anere Kranken zu sougenannte Kollateralschied ze féieren. Besonnesch am Fall vun engem Hiereschlag ass dat nach méi en Desaster, well hei all Minutt déi verluer geet ass Liewenswichteg ass an am anere Fall Schiet entstoe kënnen déi irreparabel sinn. D'Leit vun der Rettungsequipe kënnen sech och direkt mat engem Spidol a Verbindung setzen, esou dass all néideg Mesuren a Precautioune getraff ginn, fir esou séier wéi méiglech ze handelen.

Haut schwätze mer iwwert den Dag vum Hiereschlag, a ginn ënnert anerem gewuer, wat d'Associatioun Blëtz am Kader vun der Preventioun mécht, a wéi een Hëllef kritt wann eng Persoun betraff ass.

Kuckt och op

RTL
RTL