Haut an enger Woch, de 29. Oktober, ass de Weltdag vum Hireschlag. An deem Kader si vun haut un am Virfeld vun dësem Dag eng Rei Manifestatioune geplangt.

22/10/2021 Aktiounen ronderëm den Dag vum Hireschlag

D'Chantal Keller stellt eis déi vir. Si hat selwer en Hireschlag an huet doropshin d'Blëtz a.s.b.l. gegrënnt. En Hireschlag schléit nämlech a wéi e Blëtz!

Ugefaang also mat deem wat ee vun haut un a verschiddenen Apdikten kritt, Chantal Keller:

"Dir wësst, de Problem vum Hireschlag ass en héijen Bluttdrock an duerfir ass et ganz wichteg, op de Bluttdrock opzepassen wann ee weess, dass hei zu Lëtzebuerg déi Leit déi iwwer 60 sinn, 30 Prozent en héije Bluttdrock hunn an deen deet net wéi, dee spiert een net. Duerfir ass et ganz wichteg deen ze kontrolléieren. Dat maache mer zesummen mat den Apdikten a gläichzäiteg kréien d'Leit e Flyer wou drasteet wat ass mäi perséinleche Risiko fir en Hireschlag ze kréien. Dee kritt een dee Moment an den Apdikten dobäi. Do sinn 10 Foren drop. Huet een der méi wéi 5, soll ee ganz séier säin Neurolog besichen."

RTL

Eng aner Aktioun déi vun nächsten Dënschdeg u leeft, betrëfft d'Spideeler. Do muss ee sech virdrun bei der Blëtz a.s.b.l. mellen an da kritt een e Rendez-vous fir e sougenannten Doppler-Test.

"Dat heescht, do gëtt un der Halsschlagoder nogekuckt, ob do eventuell e Problem ass a gläichzäiteg kritt een de Bluttdrock gemooss. Dat maache mer mat 4 Spideeler. Een am Norden, 2 an der Stad an eent zu Esch. An deene 4 Spideeler bidde mer dee Service un. Dee maachen d'Neurologen fir eis gratis, wat fir eis en immens léiwe Service ass."

Déi 4 Spideeler sinn e Sonndeg de 24ten dann och speziell beliicht.

A wéi wann dat net scho genuch wier, huet d'Blëtz a.s.b.l. verschidde Bäckeren gefrot fir Eclairen fir si ze maachen, dovunner geet e klengen Deel un d'asbl.

Och d'Post ass mat derbäi. Op all Bréif ass e klengen Stempel vun der asbl ze gesinn.

RTL

Déi ganz Sensibiliséierungscampagnen sinn dem Chantal Keller no immens wäertvoll

"Do sinn ëmmer Leit déi uruffen déi soen se hätten dat um Radio héieren a wieren elo selwer duerch ee Familljemember betraff. Déi Aktioun ass wierklech positiv fir d'Leit dass se informéiert ginn, dass et de Blëtz gëtt."

Telefonsnummer vun der Blëtz asbl: 26 51 35 51 oder 621 88 00 88