Wann ee sech haut an eng Rakéit setze géif, bréicht ee 6 Méint fir op de Mars. Mat där Zäitspan rechent op d'mannst SpaceX, dem Elon Musk seng Entreprise, déi aktuell alles dru setzt fir den Dram vum Liewen um Mars ze realiséieren. Den Elon Musk selwer wëll nämlech den éischte Mënsch um roude Planéit sinn. Eng Faszinatioun mat där en net eleng ass. D'Course fir op de Mars ass schonn amgaangen an dass dat net esou einfach ass, kann ee sech denken. Do muss nach vill gefuerscht ginn an dat maachen dëse Mount och Wëssenschaftler vum ÖWF an der ISA. Déi sinn zanter gëschter an der israelescher Wüüst op enger Trainingsmissioun an üben den Eeschtfall. 

13/10/2021 Missioun op de Mars

"Good-Bye" a "Be Safe" sinn mat déi lescht Wieder, déi déi 6 Wëssenschaftler vun der Aussewelt fir eng laang Zäit héieren. Den 11. Oktober ass déi grouss blechen Dier vun der Basisstatioun Amadee 20 zougefall. Hir Missioun ass et elo d'Liewen um Mars ze simuléieren. De Gernot Grömer ass den Direkter vum ÖWF, dem Éisträicher Weltraum Forum, déi dës Missioun zesumme mat der ISA, der Israelescher Space Agency mécht. Gernot Grömer: Mir hunn eng Equipe vu 6 Astronauten och aus verschiddene Länner, déi déi éischt Schrëtter vun eiser Gesellschaft um roude Planéit simuléieren. Fir 1 Mount wäert Israel d'Haaptbün vun dëser Mënsche baséierter Marsfuerschung sinn. Ech gleewe fest dorunner, dass den éischte Mënsch, deen um Mars trëppelt, scho gebuer ass. A mir maachen déi Rees méiglech.

Enger Etüd vun der Nasa no soll 2033 déi éischte Kéier e bemannte Fluch ronderëm de Mars fléien. 2039 soll dann och den éischte Mënsch um roude Planéit landen kënnen. Dat wären dann 70 Joer no der éischter Moundlandung. A fir deen Eeschtfall ze trainéieren, gouf elo d'Wüüst Negrev an Israel erausgesicht. Do gesäit et och schonn esou aus wéi op enger anerer Welt. Roude Sandbuedem, amplaz vu Planze just Steng a Fielsen, esou wäit wéi ee kucke kann. D'Änlechkeet ass awer net just optesch.

Gernot Grömer: Déi Wüüst hei ass eng eenzegaarteg geologesch Struktur. Mir hunn dausende vu Kilometer no sou enger Plaz wéi hei gesicht. Vill geologesch Facteuren sinn d'selwecht um Mars.

Et ass déi 13. Simulatioun, déi si maachen. Si testen zum Beispill wéi een Drone fléie ka loossen ouni GPS, si kartographéieren den Terrain a probéieren e Mars-Rover duerch déi rau Géigend ze bréngen. Dann gëtt och déi kierperlech Verfassung vun de Participanten iwwerwaacht. Also bal alles wéi op enger richteger Missioun. Da wär do just nach de klengen Detail vun der Temperatur. An der israelescher Wüüst sinn et am Dag ëm 30 Grad, Nuets kann et erof of 0 goen. Gemittlech ass dat zwar net, mee ëmmer nach besser wéi um Mars. Do sinn et daagsiwwer zwar och agreabel 20 Grad. Nuets kann et awer op Minus 80 erofgoen. D'Temperatur ass iwwregens kee Probleem fir den Elon Musk. Op der Website vu SpaceX wou hir Marspläng nozekucke sinn, gëtt dat och kuerz ugeschnidden. Et wär kal um Mars, mee da kéint ee jo dann einfach hëtzen. Bei dëser Missioun läit de Fokus dorobber ze testen an auszeprobéieren. Den Alon Tenzer vum ÖWF erkläert.

Alon Tenzer: Mir wäerte Material bis an d'Extreemt testen a mir wäerte gesinn, dass Saache briechen. Dat ass de Grond firwat mir hei sinn. All Feeler dee mir elo maachen, all Risiko dat mir elo huelen an all Material, dat net funktionéiert, dorausser léiere mir. A wa mir dann eng Kéier op de Mars ginn, maache mir déi Feeler net méi.

Bis den 31. Oktober dauert d'Missioun, am ganze stinn deene 6 Participanten 100 Quadratmeter zur Verfügung. Dovunner och just 50 fir ze wunnen, de Rescht ass e Fuerschungslaboratoire.