Mat der Pandemie koum de Social Distancing. Et huet ee sech vun anere Mënsche misste wech halen. An elo wou dach nees méi Beweegung an dat Ganzt kënnt an ee sech nees dierf gesinn, huet sou muncher een awer (nach?) keng Loscht méi op sozial Kontakter? Wéi ass dat da bei Iech, hu mir mam RTL Mikro nogefrot?

14/10/2021 Emfro Sozial Kontakter

Fakt ass, datt eis déi laang Zäit doheem, dach verännert huet. Eis Interaktiounsmuster an och eis Aarbechtsweis hu sech an eis verännert. Eist Doheem ass eng Plaz gi fir sech sécher zréck ze zéien, an deen een oder aneren huet seng Schwieregkeete mat der selwechter Energie, Begeeschterung an Zouversiicht sech nees an d'Welt ze stierzen.