De Lëtzebuerger Pizzabäcker Nizar El Hajjaoui ass lescht Woch zum Weltmeeschter an der Kategorie Calzone geéiert ginn, déi Pizza, déi ganz besonnesch ass, well se an der Mëtt gediebelt ass an a Form vun engem Chausson gebak gëtt. D'Michèle Schons huet mam Pizzaiolo iwwert seng Victoire geschwat:

14102021 Eng Letzebuerger Pizza geet em d Welt

Dem Nizar seng Calzone ass aus engem getrüffelten Deeg, mat wäissem Kéis a Mascarpone, Ardenner Ham a Reblochon, gedréchente Figen, Nëss an Hunneg... Ass d'Waasser iech och elo am Mond zesumme gelaf? Mir och! E Rezept mat subtille Kombinatiounen, déi den Nizar an senger Kichen ausgetüftelt huet, a mat där e leschte Mëttwoch zu Roum d'Weltmeeschterschaft gewonnen huet.

Et ass eng ganz besonnesch Éier fir den Nizar, dee mat senge 44 Joer net fir t'éischt bei esou engem Concours matmécht, ma am Laf vun de leschte Jore schonn e puer Weltmeeschtertitel akasséiere konnt, dee memorabelste mat senger berüümter Dessertpizza mat roude Friichten, déi mat engem risege Macaron beluecht ass. Balsam och fir d'Séil vun engem Restaurateur no enger schwiereger Zäit fir de Beruff bedéngt duerch d'Kris.

RTL

© rtl

Den Nizar El Hajjaoui huet seng Carrière als einfache Kach ugefaangen, huet dunn eng Ausbildung zum Pizzabäcker an Italie gemaach a schliisslech a Restauranten an der Province de Luxembourg geschafft. Mat sengem Succès an der Unerkennung déi e kritt huet, huet e sech viru 6 Joer selbststänneg gemaach an säin éischte Restaurant zu Pärel op der belscher Grenz opgemaach.

 

De Pizzavirtuos wëllt net ophale mat Bäiléieren a setzt seng Mark Niz'Art weider duerch. Seng besonnesch Calzonepizza mam Weltmeeschtertitel steet och geschwënn op der Menüskaart vu senge Restauranten, wou een se da schmaache kann.

Viru kuerzem huet den Nizar och zu Neufchâteau hei vir an der Belsch e Restaurant opgemaach, dee mat engem Bauerenhaff verbonnen ass, a wou et richtege Büffelmozzarella a lokaalt Fleesch produzéiert ginn. Dëst Joer huet en donieft och nach e Restaurant an den Ardennen iwwerholl.