Mathe verstoen, Vokabelen léieren a langweileg Béchsfächer maachen villen Schüler d'Liewen net grad einfach. "Firwat kann Schoul net och Spaass maachen? hu se sech an Däitschland gesot an e Lidd vum Rapper Eko Fresh op den offizielle Schoulprogramm gesat, dat huet den Kënschtler e Méindeg op senger Facebooksäit geschriwwen. Säin Lidd "Der Gastarbeiter" ass elo an engem Liesbuch ofgedréckt.

14/10/2021 De Rapper Eko Fresh um Schoulprogramm

Den Luc Weis, Direkter vum SCRIPT sot eis, dass d'Programmer zu Lëtzebuerg d'Zieler definéieren an net d'Inhalter, dat heescht et gëtt gesot wat soll erreecht ginn an net wéi een dohinner kënnt.

Wann d'Fro awer ass op an eise Schoulen Lidder vun Lëtzebuerger Kënschtler respektiv a Lëtzebuerger Sprooch behandelt ginn, sou muss ee kloer soen, Jo natierlech. Am neien Lëtzebuergesch Buch fir Lëtzebuergesch op der 4e - dat Fach ass dëst Joer nei agefouert ginn - gëtt et Lidder vum Serge Tonnar wéi zum Beispill "Ech sinn Lëtzebuerg" nieft awer och ganz klasseschen Texter wéi de Feierwon an d'Heemecht. An och am Däitschen a Franséischen ginn reegelméisseg Texter vun Rapper, Hip-Hopper oder och aneren Kënschtler agesat. Oft sinn dës Texter vun uspriechender literarescher Qualitéit oder dës Kënschtler hunn einfach eppes ze soen wat bei de Cours passt, a wat déi Jonk uschwätzt. Zum Beispill Kënschtler wéi de Peter Fox oder den Eko Fresh.

14-10-2021 Eko Fresh um Schoulprogramm - Luc Weis Direkter vum SCRIPT