Remo Cavallini and the Free Borders Band huelen iech mat op eng musikalesch Rees duerch d'Geschicht vum Blues.

Déi international Band ronderëm de Remo Cavallini an hir Gäscht Budda Guedes aus Portugal, Helmut Engelhardt aus Däitschland an de René Cavallini aus dem Déifferdenger Wangert spillen e Samschden am Ale Stadhaus zu Déifferdeng dat Bescht aus dem Delta, Memphis a Chicago Blues.

Ticketen an zousätzlech Informatiounen op der offizieller Säit vum Ale Stadhaus

Dësen Event gëtt ënner dem "CovidCheck" Regime organiséiert