
Gëschter Owend gouf et am Atelier déi 1.Editioun vun de Luxembourg Tourism Awards. A 7 Kategorie goufen d'Präisser verdeelt, nieft Spezialpräis a Publikumspräis. Et konnt ee säi ëmgesate Projet areechen an e Jury aus 5 Leit huet aus Kandidate Finaliste regroupéiert an dann och de Gewënner vun de jeeweilege Kategorie gesicht.
Den Tourismusminister Lex Delles, dee selwer déi 12 Trophéeën iwwerreecht huet, ënnersträicht wéi wichteg et ass, dem Secteur eng grouss Visibilitéit ze ginn, engem Secteur, dee staark evoluéiert huet.
D'Gemeng Esch krut de Präis vun der ''Commune meritante'' an dat mécht den Escher Scheffe Pim Knaff immens houfereg a seet, datt esou eng Unerkennung en Usporn ass elo en Vue vun Esch 2022.
Ma et goungen nach 2 Präisser op Esch, fir d'Bamhaiser an den Déierepark um Gaalgebierg. Wien do nach net war, do kënnt d'Responsabel vum Park Anne Meyers mat de richtegen Argumenter.
An 2 Joer gëtt et dann déi 2. Editioun vun de Luxembourg Tourism Awards. Avis aux amateurs.





