“Wien eng Joggingsbox undeet, deen huet d’ Kontroll iwwert säi Liewe verluer” – dat huet virun e puer Joren de berüümte Moude-Designer Karl Lagerfeld gesot. Ma et freet ee sech, wéi vill Leit an de leschte Méint effektiv d’Kontroll verluer hunn. Zanter der Pandemie gesäit een nämlech ëmmer méi Leit op der Strooss, déi Joggings-Boxen a Kaputzen-Pullovere mat anere Kleedungsstécker kombinéieren. An souguer bei de groussen, soss och méi klassesche Marken schéngt dësen Trend méi wéi ukomm ze sinn. Mee huet Corona wierklech e Moude-Wandel ausgeléist? Ass den Jogging elo Büro-tauglech? D'Rosa Clemente war sech d’Kollektioun an de Bram ukucken.

14/10/2021 Business Moud huet an der Pandemie gelidden

Vu Talleke Schong op Sneakers, steiwen Jeans op Stretch an enker Bluse op Kaputzen-Pullover. Bequem Stoffer a wäit Schnëtter sinn ugesot. Een Alter fir sech am sougenannte Casual-Look ze kleeden, gëtt et net. Et ass een Trend, deen ëmmer méi Leit begeeschtert.
Ma Hoodien a Co fënnt ee scho méi laang an de Butteker. An de leschte Méint hunn awer och ëmmer méi Joggingen de Wee bis op de Bigel fonnt - an dat och bei klassesche Marken. 

Op Instagram hu mir d’Fro gestallt, op de Jogging fir den Alldag gëeegent ass. 60 Prozent vun de Leit hu mat JO geäntwert. Bei eis um RTL Site konnten d’ Useren ofstëmmen – a wéi engen Occasiounen si hir Joggingsbox undinn. D’ Optiounen “Doheem” an “fir Sport ze maachen”, kruten de meeschte Voten.
 
Wien sech mat der Iddi eng chic Sport- Combinaison ze droen, net ufrënne ka – dee brauch net ze fäerten - Wéi all Trend – muss een och dësen net matmaachen, wann een net wëll. 

Ob Alldags-tauglech oder net – d ‘Marken riichten sech no der Demande vum Client. An déi ass den Ament nu mol méi gemittlech ausgeriicht. 
Fazit ass: D Moude-Branche ass eng Welt fir sech. A wien weess, op d’ Joggingsbox a 5 Joer net awer rëm just nach, fir d Couche ugedoe gëtt.