E Päerd, Hellegebiller an e Videoclip hunn gëschter d'Haaptroll gespillt am LIVE! planet people. Beim Olivier Catani waren d'Josée Bourg, de Pascal Dechmann an d'Mamm vum Billy Zieser deen zanter Méint mat sengem Päerd Peca ënnerwee ass fir den Trajet tëscht Spuenien a Lëtzebuerg.

RTL

d'Josée Bourg huet sech als Kënschtlerin schonn op vill Manéieren ausgedréckt an huet rezent Hellegebiller verschafft. Fir hier Ausstellung "Mutatiounen" huet si e puer honnert Doudebiller aus der Préizerdauler Géigend mat Pabeier, Stoff, Fuedem an Holz verschafft.

RTL
23-10-2021 LIVE - Joseé Bourg
RTL

De Billy Zieser hat keng Loscht als normale Rucksaktourist ze reesen, an ass elo mat sengem Paerd Peca op Europarees. Mëtt Mee goung et am Norden vun Spuenien lass, an all Dag mécht hien 20-30km, just 2 Deeg an der Woch leet hien eng Paus an. Seng Mamm Christiane Schmitz suivéiert alles vu Lëtzebuerg aus. Aktuell ass de Billy an Italien an iwwerall wou déi 2 hikommen sinn se wëllkomm

RTL
23-10-2021 LIVE - Dem Billy Zieser seng Mamm Christiane Schmitz
RTL

De Pascal Dechmann ass e Multi-Instrumentalist an zanter 2007 Musekproduzent, deen mat sengem neien Clip "I won't stop" nees en Hit lande wëll. Zesummen mat der Sängerin Sonna Rele, déi schonn mam John Legend a Maxi Priest op Tournée war, huet hien schonn e puermol de Nerv vum Public getraff, dorënner och e Cover vun "Jump" vun Van Halen.

23-10-2021 LIVE - Pascal Dechmann