Erënnert der iech nach wéi der är d'Kand déi éischte Kéier um Aarm hat? Wéi no  der Gebuert Famill a Frënn op Besuch koumen a Kaddoe bruecht hunn? An dann ass op eemol nees alles anescht. Dir gitt nees schaffen an d'Kolleegen zielen dass der glécklech musst sinn, schliisslech hutt der jo esou e schéint Kand...
Mee de Chef kuckt schonn nees ongedëlleg op d'Auer an d'Wäsch am Buedzëmmer gëtt och net méi kleng. Fir gemittlech Stonnen zu zwee ass keng Zäit. Dacks féiert dat zur Iwwerfuerderung an da schwätze mer vun engem Eltere Burnout. 

Schlofmangel a chroneschen Zäitmangel stinn op der Dagesuerdnung an et freet een sech wéi een alles ënnert en Hutt kréie soll an dobäi nach d'Balance hale kann. D'Kanner gi vill, fuerderen awer och vill an an och d'Idealbild vun der Gesellschaft féiert dacks dozou, dass een ze vill Asaz a Perfektionismus un den Dag leet, deen dono zum Elterleche Burnout féiere kann.
Den 29ten Oktober ass an der Erwuessebildung eng Soirée mat Konferenz, Austausch an Informatiounen zum Thema, dat mam Tanja Hemmer vun der Eltereschoul Janusz Koczak zum Thema.

RTL

© pixabay

"Heiansdo gëtt mer alles e bëssen ze vill, ech si midd an ausgebrannt", dat si Sätz déi ee vun Elteren dacks héiert, oder déi een och scho selwer mol gesot huet. Fir déi brauch een sech absolut net ze schummen, ma au contraire, et sollt een déi kierperlech an och séilesch Symptomer eescht huelen an sech Hëllef froen. Dofir ginn et op der Soirée och verschidde Stänn mat Acteuren aus dem Psycho-Soziale Secteur invitéiert sinn.

RTL

© pixabay

Deen Owend ass an der ErwuesseBildung am Centre Convict, dat Ganzt ënnert dem Covid-Check.

Participatioun: 8€

Umeldung: Tel. 44743-340 / info@ewb.lu